
Fir d’Colts war et u sech ganz einfach: You win, you are in. Ma beim quasi Angschtgéigner vun Jacksonville hu si sech extrem schwéier gedoen. Hir Defense war nach ganz an der Rei, ma hir Offense koum einfach net an de Match. Hiren éischten Touchdown hu si 4 Minutten an 31 Sekonne virum Enn vum Match fäerdegbruecht, do ware si schonn 3:26 hannen an et huet hinnen net vill gehollef. Schlëmm dobäi, si hu bei der schlechtster Ekipp vun dëser Saison 11:26 verluer an domadder hir Chance op d’Playoffs selwer futti gemaach.
D’Steelers dogéint hu vun hirer Néierlag profitéiert. Si selwer hunn an der Nospillzäit bei de Ravens gewonnen. Am direkten Duell tëscht de grousse Rivalen aus der selwechter Divisioun hunn d’Verteidegungen dominéiert. Mat 3:3 goung et an d’Paus a mat 13:13 an d’Nospillzäit. Hei haten d’Ravens den éischte Ballbesëtz, ma si koumen einfach net virun. Op der 41 Yardlinn vun de Ravens hunn d’Steelers decidéiert, bei 4th&8 ze goen a si hu sech belount. Dono hu se sech nach mat engem Laf besser positionéiert an de Boswell huet aus 36 Yards per Field Goal alles kloer gemaach. Si wannen esou 16:13 a stinn an de Playoffs.
Trotz hirer Victoire hu si awer nach missten zidderen. Well sollten d’Chargers an d’Raiders gläich spillen, wieren d’Steelers nees eliminéiert an dës béid Veräiner wieren an de Playoffs. An hei wollten et béid Ekippen onbedéngt: D’Raiders waren zu Las Vegas 10:0 a Féierung gaangen, ma d’Gäscht hunn opgeholl an et goung mat 17:14 fir d’Heemekipp an d’Paus. Si hunn hire Virsprong dunn nach op 20:14 am drëtte Véierel ausgebaut, ma ganzer 15 Punkten an de leschte 15 Minutten hunn d’Chargers fäerdeg bruecht, fir déi 9 Punkte vun de Raiders ze konteren a sech an d’Nopsillzäit ze retten, mat engem Touchdown 5 Sekonne viru Schluss. An der Overtime ass et dann esou weidergaangen. 3 Punkte fir d’Raiders, Ausgläich vun den Chargers an da mam Schlusspëff weider 3 Punkte fir d’Raiders, esou datt si dëse Match wannen a sech fir d’Playoffs konnte qualifizéieren.
Esou ass et dann elo an der AFC kloer: D’Titans séchere sech no enger knapper 28:25-Victoire déi éischte Plaz a sinn an der Wild Card Round spillfräi. Déi zweetbescht aus der Divisioun d’Chiefs treffen op d’Plaz 7 d’Steelers, d’Nummer 3 d’Bills spille géint d’Nummer 6 d’Patriots an d’Nummer 4 vun de Bengals treffen op d’Nummer 5 vun de Raiders.
Och an der NFC gouf et nach verschidde Wiessel, dat awer éischter un der Spëtzt vun de Playoffs. D’Bucs haten d’Panthers op Besuch an d’Ekipp aus Carolina ass mat 7:0 a Féierung gaangen. Am zweete Quarter huet Tampa dunn de Match gedréint a sech lues a lues e groussen Ecart erausgespillt. Zum Schluss wanne si kloer mat 41:17 a séchere sech domadder déi zweete Plaz an de Playoffs.
Dat awer just, well d’Rams doheem géint d’49ers verluer hunn. Dobäi hat et gutt fir d’Ekipp aus LA ausgesinn, déi mat 17:3 an d’Paus gaange sinn. Ma direkt dono huet San Francisco séier ausgeglach an et goung mat engem 17:17 an de leschte Véierel a mat engem 24:24 an d’Verlängerung. Hei huet San Francisco mam éischte Ballbesëtz 3 Punkte gemaach an hir Defense konnt d’Rams stoppen, esou datt si dëse Match knapp an der Verlängerung gewannen.
Eng kleng Iwwerraschung gouf et dann och zu Detroit, déi awer keen Impakt op d’Playoffs hat. D’Lions konnte sech 37:30 géint d’Packers duerchsetzen, déi zum Deel net mat hiren Haaptleit gespillt hunn. Et war den zweeten an drëtte Quarter, deen d’Léiwen dominéiere konnten a si hu sech hei genuch Virsprong erausgespillt, fir d’Schlussoffensiv vun de Packers ze konteren. Fir d’Lions war et déi drëtte Victoire dës Saison, fir d’Packers déi véiert Néierlag.
Esou hu si déi beschten Ausgangspositioun an der NFC a sinn zesumme mat de Bucs déi Ekipp mat de mannsten Néierlagen an der ganzer NFL. D’Bucs qualifizéiere sech als 2. a mussen an der Wild Card Round géint d’Eagles untrieden. D’Cowboys ginn déi 3. an treffen op d'49ers an d’Rams als 4. kréien et doheem mat de Cardinals ze dinn.
Kansas City Chiefs - Denver Broncos 28:24
Dallas Cowboys - Philadelphia Eagles 51:26
Green Bay Packers - Detroit Lions 30:37
Indianapolis Colts - Jacksonville Jaguars 11:26
Washington Football Team - New York Giants 22:7
Chicago Bears - Minnesota Vikings 17:31
Tennessee Titans - Houston Texans 28:25
Pittsburgh Steelers - Baltimore Ravens 16:13
Cincinnati Bengals - Cleveland Browns 16:21
San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 27:24
Carolina Panthers - Tampa Bay Buccaneers 17:41
Seattle Seahawks - Arizona Cardinals 38:30
New England Patriots - Miami Dolphins 24:33
New Orleans Saints - Atlanta Falcons 30:20
New York Jets - Buffalo Bills 10:27
Los Angeles Chargers - Las Vegas Raiders 32:35