Wéinst PyrotechnikPolice ermëttelt géint Spiller vun Eintracht Frankfurt

RTL Lëtzebuerg
Wärend de Feieren zum Europa League-Gewënn gouf um Balcon vum "Frankfurter Römer" Pyrotechnik vun de Frankfurter Spiller gezünt. D'Police enquêtéiert.
© AFP/JORGE GUERRERO

Wéi een um Donneschdegowend op Live-Biller vun der Televisioun konnt gesinn, hunn eng Rei Spiller um Balcon vum Frankfurter Stadhaus Fackele gezünt a ronderëm geschwenkt. Och solle Fackelen erof op d’Fans geheit gi sinn. D’Ofbrenne vu Pyrotechnik war am Kader vun de Feieren ënnersot.

Réischt en Dënschdeg huet den däitsche Futtballverband ugekënnegt, dass géint de Stiermer vu Werder Bremen Niclas Füllkrug enquêtéiert gëtt, nodeems hien den Opstig vu sengem Veräin och mat Pyrotechnik gefeiert huet.

Back to Top
CIM LOGO