WM-Qualifikatioun PlayoffPortugal a Polen qualifizéieren sech fir d'WM am Katar

RTL Lëtzebuerg
Portugal wënnt ouni vill Problemer mat 2:0 géint Nordmazedonien a Polen klappt Schweden mam nämmlechte Resultat.
© AFP

An de Finalle vun de Playoffs kënne sech Portugal a Polen behaapten a fueren domadder op d’WM am Katar. Portugal ka sech ouni vill Problemer mat 2:0 géint Nordmazedonien duerchsetzen a Polen wënnt mam nämmlechte Resultat géint Schweden.

Déi weider Ekippen, déi aus Europa bei der WM am Katar mat dobäi sinn: Däitschland, England, Frankräich, Belsch, Holland, Spuenien, Kroatien, Dänemark, d’Schwäiz a Serbien.

Een Ticket gouf nach net verginn. Ëm dëse spillt Wales an de Gewënner aus der Partie Schottland géint Ukrain. Een Datum gëtt et fir dës Matcher nach net.

D’Resultater vum Owend am Iwwerbléck

Portugal - Nordmazedonien 2:0
1:0 Bruno Fernandes (32.’), 2:0 Bruno Fernandes (65.’)

Am Ufank vum Match hat Portugal e bësse Problemer mee mat der Zäit si se ëmmer méi staark ginn. An der 32. Minutt ass hinnen dann och den 1:0 duerch de Bruno Fernandes gelongen. No engem Doppelpass mam Cristiano Ronaldo huet de Spiller vu Manchester United de Ball lénks ënnen am Gol ënnerbruecht. An der 65. Minutt huet de Bruno Fernandes, no enger Flank vum Diogo Jota, mat sengem zweete perséinleche Gol fir d’Virentscheedung gesuergt, zemools well Nordmazedonien och ganz harmlos agéiert huet.

Polen - Schweden 2:0
1:0 Lewandowski (49.’, Eelefmeter), 2:0 Zielinski (72.’)

An der éischter Hallschent gouf et net vill Golchancen op béide Säiten woubäi Schweden awer déi méi kloer Chancen hat. Déi bescht Chance gouf et fir de Forsberg an der 19. Minutt mee de Szczesny konnt säi Schoss paréieren. An der 49. Minutt huet de Lewandowski Polen duerch en Eelefmeter a Féierung bruecht. Dono huet Schweden Drock op den Ausgläich gemaach mee opgrond vun engem Feeler vum Danielsson deen de Ball als leschte Mann verluer huet, huet den Zielinski den 2:0 fir Polen markéiert an domadder de Match entscheet.

Back to Top
CIM LOGO