EM-Qualifikatioun am FuttballPortugal spillt de 26. Mäerz zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war d'Auslousung vun de Gruppe fir d'Qualifikatioun fir d'Euro2024. E Méindeg ass de Spillplang publizéiert ginn.
Den 30. Mäerz 2021 war Portugal fir d'lescht op Besuch zu Lëtzebuerg.
Den 30. Mäerz 2021 war Portugal fir d’lescht op Besuch zu Lëtzebuerg.
© Val Wagner (Archiv)

Zanter e Sonndeg de Mëtteg weess de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz mat wéi engen Natiounen d’Rout Léiwen et an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2024 ze di kréien.

E Méindeg huet d’Uefa de Spillplang publizéiert. Am Grupp J muss Lëtzebuerg fir d’éischt den 23. Mäerz 2023 an der Slowakei untrieden. Dräi Deeg méi spéit kënnt et am Stade de Luxembourg zum Duell mat Portugal. Den Auswäertsmatch géint de Favorit aus dem Grupp ass den 11. September. D’Qualifikatioun geet fir d’FLF-Formatioun den 19. November mam Match a Liechtenstein op en Enn.

Auslousung Qualifikatioun EM 2024
Lëtzebuerg trëfft op Portugal, Bosnien, Island, Slowakei a Liechtenstein

Den Iwwerbléck vun de Matcher

23. Mäerz 2023: 20.45 Auer Slowakei - Lëtzebuerg

26. Mäerz 2023: 20.45 Auer Lëtzebuerg - Portugal

17. Juni 2023: 15.00 Auer Lëtzebuerg - Liechtenstein

20. Juni 2023: 20.45 Auer Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg

8. September 2023: 20.45 Auer Lëtzebuerg - Island

11. September 2023: 20.45 Auer Portugal - Lëtzebuerg

13. Oktober 2023: 20.45 Auer Island - Lëtzebuerg

16. Oktober 2023: 20.45 Auer Lëtzebuerg - Slowakei

16. November 2023: 20.45 Auer Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina

19. November 2023: 20.45 Auer Liechtenstein - Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO