
D’Rumänin gouf bei de US Open am Summer positiv op déi verbuede Substanz Roxadustat getest. Och d’B-Prouf war positiv.
D’Halep däerf elo bis op Weideres keng WTA-Turnéier méi spillen. Déi 31 Joer al Tennisspillerin hat am September hir Saison fréizäiteg gestoppt, well se un der Nues operéiert gouf.
D’Simona Halep ass aktuell op Plaz 9 vum WTA-Ranking.