Dat Ganzt verdeelt op véier Deeg. Mat derbäi 5 Triathleten an Triathletinnen aus Lëtzebuerg.
Encourageant Resultater gouf et vun de Junioren a Juniorinnen, virop dem David Lang seng 12. Plaz. An der Supersprint-WM huet d’Jeanne Lehair d’Finall ëm eng Plaz verpasst. D’Europameeschterin koum op déi 11. Plaz.
Fir d’éischte Kéier op enger WM huet d’Triathlon-Nationalekipp mat enger Mixed Staffel deelgeholl. Déi 15. Plaz ënnert 22 Länner léisst Hoffnungen opkomme fir eng méiglech Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller zu Paräis.
Alles an Allem e positive Bilan aus Lëtzebuerger Siicht.