Nieft dem Kampf ëm d’Medaile goufen et dëst Joer och zwee gréisster organisatoresch Changementer. Eng dovu betrëfft d’Qualifikatioun fir d’Schwëmmer fir d’olympesch Spiller zu Paräis d’nächst Joer.
Aus den Open Luxembourg Nationals gouf dëst Joer een nationale Championnat bei deem keng auslännesch Schwëmmer méi konnte participéieren. Dat och bedéngt duerch Changementer am internationale Reglement fir sech kënne fir Paräis 2024 ze qualifizéieren. Donieft gouf et dëst Joer awer och ee weidert Changement.
Wat dat sportlech ugeet, war bei den Hären ënner anerem de Julien Henx am 50 Meter Kraul dee séiersten. Den 28 Joer ale Schwëmmer konnt sech virum Remi Fabiani behaapten a konzentréiert sech lo komplett op d’WM an zwou Wochen a Japan.
Bei den Dammen konnt eng Schwëmmerin en Doublé feieren. D’Jacky Banky huet sech souwuel am 50 Meter Kraul wéi och am 100 Meter Réck duerchgesat. No der Course war déi 26 Joer al Schwëmmerin zefridde mat hirer Leeschtung, och wann d’Preparatioun d’lescht Woch net optimal war.
Am grousse Ganze ass de Bilan vun dësem Weekend bei de Responsabele positiv ausgefall. Virun allem well jonk Nowuess-Talenter mat gudde Prestatiounen op sech opmierksam gemaach hunn.
Ier dann a 6 Méint den Euromeet virun der Dier steet, geet et lo an zwou Woche mol lass op der Weltmeeschterschaft a Japan.