Olympesch SpillerProblemer, dass d'Sportler sech richteg kënnen akklimatiséieren

RTL Lëtzebuerg
Si se oder si se net? Dat ass déi grouss Fro, déi sech ronderëm d'Olympesch Spiller zu Tokio gestallt gëtt.
© AFP

Wann d’Spiller organiséiert géife ginn, da mat ville Restriktiounen. Zum Beispill däerf ee maximal 5 Deeg virun der éischter Kompetitioun an d’Olympescht Duerf. Dat mécht eng Akklimatisatioun immens schwéier. Dofir hat de Cosl geduecht, fir am Virfeld mat den Athleten ënnert anerem op Brisbane an Australien ze fléien. Dorausser gëtt elo, wéinst Corona, awer näischt. An dat virun allem wéinst de Flich.

Den Heinz Thews

Wat d’Zäitzon an d’Klima ugeet, ass dat ganz gutt. Si hu ganz gutt Sportsitten. Do hätten déi, déi eng Akklimatisatioun gebraucht hätten, ënnerbrénge kënnen. Vu Brisbane ass och een direkt Fluch op Tokio gaangen. Singapur war och nach een Thema, well déi gutt Indoor- an Outdoor-Infrastrukturen hunn, fir zum Beispill de Bob Bertemes. Den Triathlon wollt op Phuket d’Virbereedung maachen. Dat war schonns gebucht. Do kënnt de Moment awer och keen eran. De Moment si mir drop ugewisen, iergendeppes ze organiséieren, wat zu Tokio ass. Awer d’Akklimatisatioun ass absolut ze kuerz.”, esou den Directeur Technique vum COSL, Heinz Thews.

Wat den Jetlag ugeet, rechnen d’Sportler pro Stonn mat engem Dag Akklimatisatioun. Zu Tokio sinn et 8 Stonnen.

Back to Top
CIM LOGO