Um Samschdeg war den Optakt vum 23. Spilldag an der BGL Ligue.
Zu Nidderkuer hat de Progrès am Spëtzematch Swift Hesper op Besuch. Um Enn gouf et e gerechten 2:2-Remis tëschent den zwou Ekippen. Am Verfolgerduell ass et mat vill Tempo lassgaangen. Déi éischt gutt Chance vun Hesper huet de Flauss am Nidderkuerer Gol paréiert. No enger knapper hallwer Stonn ass de Progrès no engem Feeler vum Hesper Golkipp a Féierung gaangen. Dem de Almeida säi Schoss ass dem Dupire duerch d’Hänn gerutscht. No der Paus ass Hesper besser aus de Kabinne komm an huet no 48 Minutten duerch den Terki ausgeglach. An der Suite huet d’Heemekipp awer nees vun engem Hesper Feeler profitéiert, fir a Féierung ze goen. De Sacras an den Dupire ware sech net eens, an den de Almeida huet de Ball am Filet ënnerbruecht. De Progrès ass um Drécker bliwwen, konnt de Virsprong awer net ausbauen. 10 Minutte viru Schluss huet de Stolz mat sengem Gol fir d’Endresultat gesuergt.
Donieft huet de Racing doheem just 0:0 gläich géint d’Union Titus Péiteng gespillt. An den éischte Minutte war et en ausgeglachene Match, mee lues a lues huet d’Heemekipp d’Heft an d’Hand geholl. An der 17. Minutt huet de Françoise knapp laanscht de Gol gekäppt. E bësse méi spéit huet de Nakache just d’Lat getraff. An der éischter Hallschent hunn d’Gäscht just eemol op de Gol geschoss. No der Paus war de Match méi animéiert a béid Ekippen hu sech Chancen erausgespillt. An der 75. Minutt gouf et eng giel-rout Kart fir de Péitenger Pellegrini. D’Gäscht huet sech dono méi zeréckgezunn an hunn den 0:0 bis zum Schluss gehalen.