
En Dënschdeg den Owend hu sech de PSG a Benfica zum Optakt vum 4. Spilldag mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt. D’Paräisser hunn et domat verpasst fréizäiteg eng Plaz an den Aachtelsfinallen ze sécheren. Dogéint konnt sech awer Manchester City trotz engem Remis géint Kopenhagen als éischt Ekipp fir d’K.O.-Phas qualifizéieren. Och Real Madrid steet duerch e Remis géint Donezk a leschter Sekonn sécher an den 1/8-Finallen.
PSG - Benfica 1:1
1:0 Mbappé (39'), 1:1 Joao Mario (62')
An den éischte Minutte vum Match huet sech de PSG Zäit gelooss, fir e Wee laanscht eng kompakt Defense vu Benfica ze fannen. De Ball ass dobäi gréisstendeels duerch déi eege Reie vun de Paräisser gelaf. Vereenzelt gouf et deen een oder anere Virstouss an déi géigneresch Hallschent, dat awer ouni Succès. De Gaascht aus Lissabon huet sech awer och net komplett verstoppt an huet sech no enger gudder véierel Stonn ëmmer méi no vir getraut.
Ronn fënnef Minutte virun der Paus huet den Arbitter dann op den Eelefmeterpunkt gewisen, wéi den Antonio Silva am eegene Strofraum ee Schratt ze spéit war an doropshin de Juan Bernat zum Fale bruecht huet. Den Mbappé ass dono äiskal bliwwen a konnt d’Haushären aus eelef Meter a Féierung bréngen. Mam 1:0 ass et fir béid Ekippen no 45 Minutten an d’Vestiairë gaangen.
Nom Säitewiessel huet sech de PSG da méi zréckgezunn an de Géigner och méi an déi eegen Hallschent komme gelooss. An der 60. Minutt koum et dann zu engem Asaz vum Videoarbitter, dat well de Veratti am Strofraum de Fouss vum Rafa erwëscht hat. Dem Arbitter ass no der Revue vun de Biller näischt anescht iwwreg bliwwe wéi op Eelefmeter fir Benfica ze decidéieren. De Joao Mario huet sech der Saach gestallt an de Ball zum Ausgläich sécher am Gol ënnerbruecht.
D’Lokalekipp war elo nees gefuerdert an huet sech doropshin och méi engagéiert gewisen. D’Ekipp aus Lissabon war awer weider konzentréiert a krut de Géigner bis zum Schluss ënner Kontroll gehalen. Um Enn bleift et beim 1:1 a sou ka sech de PSG net fréizäiteg eng Plaz an der K.O.-Phas sécheren.
Maccabi Haifa - Juventus 2:0
1:0 Atzili (7'), 2:0 Atzili (42')
AC Mailand - Chelsea 0:2
0:1 Jorginho (21'), 0:2 Aubameyang (34')
Dinamo Zagreb - Salzburg 1:1
0:1 Seiwald (12'), 1:1 Ljubicic (40')
Shakhtar Donezk - Real Madrid 1:1
1:0 Zubkov (46'), 1:1 Rüdiger (90+5')
Celtic - Leipzig 0:2
0:1 Werner (75'), 0:2 Forsberg (84')
Kopenhagen - Manchester City 0:0
Dortmund - Sevilla 1:1
0:1 Nianzou (18'), 1:1 Bellingham (35')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.