
An der Kinneksklass gouf et en Dënschdeg den Owend fir den Optakt vum 1. Spilldag déi éischt dräi Punkte fir de PSG. An de weidere Partië konnte sech ënnert anerem Manchester City, Dortmund an och den aktuellen Titelverdeedeger Real Madrid duerchsetzen. Fir Chelsea gouf et dogéint eng iwwerraschend Defaite géint Dinamo Zagreb a Leipzig huet virun den eegene Spectateure mat 1:4 géint Donezk de Kierzere gezunn.
PSG - Juventus 2:1
1:0 Mbappé (5'), 2:0 Mbappé (22'), 2:1 McKennie (53')
Laang Zäit fir sech un déi nei Champions-League-Saison ze gewinnen hunn déi zwou Ekippen zu Paräis jiddwerfalls net gebraucht. Op béide Säite war kuerz nom Ustouss direkt vill lass an den éischte Gol huet domat net laang op sech waarde gelooss. An der 5. Minutt huet den Neymar mat vill Gefill fir den Mbappé opgeluecht, deen dann äiskal per Volley op 1:0 fir de PSG stelle konnt.
No knapp 20 gespillte Minutten gouf et fir d’Bianconeri dann eng grouss Chance op den Ausgläich, de Kappball vum Milik aus kuerzer Distanz huet den Donnarumma awer mat enger exzellenter Reaktioun paréiert. Méi effektiv war dogéint d’Ekipp op der anerer Säit vum Terrain. Kuerz no der grousser Chance vu Juventus war et eng zweete Kéier den Mbappé, deen de Gol zum 2:0 äiskal markéiert huet.
No enger éischter opreegender Ufanksphas huet d’Partie um Wee fir an d’Paus dann awer ëmmer méi un Intensitéit verluer. Virun allem vun de Gäscht aus Italien ass am grousse Ganzen ze mann komm a sou stoung zur Paus eng Féierung vun zwee Goler fir de PSG.
Kuerz nom Säitewiessel hat den Mbappé dann den 3:0 um Fouss leien. De Fransous war zesumme mam Neymar eleng op de géigneresche Gol zougelaf, wollt dobäi de Ball awer net op de komplett fräie Brasilianer passen, ma et selwer probéieren a sou huet de PSG d’Chance op eng fréizäiteg Decisioun verpasst. Wéi et da sou sollt komme konnt Juventus kuerz drop dovu profitéieren a war no engem Gol vum agewiesselte McKennie an der 53. Minutt op eemol rëm voll am Match.
Duerch e geféierleche Kappball vum Vlahovic war de Gäscht zwou Minutte méi spéit da bal den Ausgläich gelongen, eng weider Kéier war et awer den Donnarumma, dee Schlëmmeres verhënnere konnt. D’Lokalekipp vu Paräis krut sech mat der Zäit nees e Stéck erholl a konnt an den nächste Spillminutte rëm bësse Loft huelen. D’Euphorie vum 1:2 war op der Säit vun de Gäscht an der Schlussphas liicht verflunn a sou ass bis zum Schluss kee weidere Gol am Parc des Princes gefall. De PSG wënnt um Enn also mat 2:1 a séchert sech domat déi éischt dräi Punkten an der Champions League 2022/23.
Benfica - Maccabi Haifa 2:0
1:0 Rafa (49'), 2:0 Grimaldo (54')
Dinamo Zagreb - Chelsea 1:0
1:0 Orsic (13')
Salzburg - AC Mailand 1:1
1:0 Okafor (28'), 1:1 Saelemaekers (40')
Celtic - Real Madrid 0:3
0:1 Vinicius Junior (56'), 0:2 Modric (60'), 0:3 Hazard (77')
Leipzig - Donezk 1:4
0:1 Shved (16'), 1:1 Simakan (57'), 1:2 Shved (58'), 1:3 Mudryk (76'), 1:4 Traoré (85')
Dortmund - Kopenhagen 3:0
1:0 Reus (35'), 2:0 Guerreiro (42'), 3:0 Bellingham (83')
FC Sevilla - Manchester City 0:4
0:1 Haaland (20'), 0:2 Foden (58'), 0:3 Haaland (67'), 0:4 Ruben Dias (90+2')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.