
An der Bundesliga huet ënner anerem Leipzig däitlech géint Dortmund gewonnen, wärend de Spilldag an der Premier League wéinst dem Doud vun der Queen ofgesot gouf.
SSC Neapel - Spezia Calcio 1:0
1:0 Raspadori (89’)
Nom fulminanten Optrëtt ënnert der Woch géint Liverpool gesäit et laang duerno aus, wéi wann Neapel géif wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leie loossen. Kuerz viru Schluss ass et awer de Raspadori, deen d’Ekipp vum Luciano Spalletti erléist an temporär op déi éischt Plaz schéisst.
Inter Mailand - FC Turin 1:0
1:0 Brozovic (89’)
An engem ganz änleche Spillverlaf huet och Inter Mailand Problemer, fir ee Wee duerch déi Turiner Defense ze fannen. An der 89. Minutt markéiert de Brozovic dann awer nach den 1:0 a suergt dofir, dass d’"Nerazzurri” den Uschloss un d’Tabellespëtzt net verléieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Paris Saint-Germain - Stade Brest 1:0
1:0 Neymar (30’)
Paris Saint-Germain verdeedegt duerch dëse knappe Succès d’Tabelleféierung an der franséischer Liga. No enger hallwer Stonn ass et den Neymar, deen de Paräisser Starensemble no Virlag vum Messi a Féierung bréngt. De PSG kann dëse Virsprong awer net ausbauen an huet Chance, dass den Donnarumma dem Slimani säin Eelefmeter an der 70. Minutt paréiere kann.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Rayo Vallecano - FC Valencia 2:0
1:0 Palazon (5’), 2:0 Gonzalez (52’, Selbstgol), 2:1 Diakhaby (90+3’)
Espanyol Barcelona - FC Sevilla 2:3
0:1 Lamela (1’), 0:2 Carmona (26’), 0:3 Carmona (45’), 1:3 Joselu (45+4’, Eelefmeter), 2:3 Braithwaite (62’)
FC Cadiz - FC Barcelona 0:4
0:1 De Jong (55’), 0:2 Lewandowski (65’), 0:3 Fati (86’), 0:4 Dembélé (90+2’)
Barcelona deet sech zu Cadiz laang schwéier, fir zwéngend Golgeleeënheeten ze kreéieren, gewënnt um Enn awer souverän an erhéicht den Drock op Real Madrid. Kuerz viru Schluss gëtt de Match wéinst engem medezinesche Noutfall ënnert de Spectateure laang ënnerbrach.