BundesligaLeipzig klappt de BVB däitlech, Bayern nees mat Remis

RTL Lëtzebuerg
Donieft deelen Hertha Berlin a Leverkusen sech d’Punkten, wärend Mainz zu Hoffenheim de Kierzeren zitt.
© AFP

An den anere Lige goufen et ënner anerem knapp Victoirë fir Paris Saint-Germain, Neapel an Inter Mailand.

RB Leipzig feiert an der éischter Partie ënnert dem neien Trainer Marco Rose eng däitlech Victoire géint Borussia Dortmund. 3:0 heescht et um Enn fir déi nei Ekipp vum ale BVB-Coach, déi schonn an der 6. Minutt no engem Corner duerch den Orban a Féierung gaangen ass. Déi Leipziger hu kompakt verdeedegt, soudass Dortmund sech trotz méi Ballbesëtz keng kloer Occasiounen erausspille konnt. Virum Gol war RB iwwerdeems äiskal an huet kuerz virun der Paus duerch de Szoboszlai op 2:0 erhéicht. Och am zweeten Duerchgang war de BVB an der Offensiv ze harmlos an et waren d’Leipziger, déi duerch den Haidara kuerz viru Schluss den Deckel dropgemaach hunn.

Bayern München spillt géint de VfB Stuttgart iwwerdeems fir déi drëtte Kéier um Stéck an der Bundesliga gläich. Duerch d’Absencë vu Sané a Mané hunn d’Bayern sech an der Offensiv ufanks schwéier gedoen, no 36 Minutte war et awer de jonken Tel, deen den 1:0 markéiere konnt. Stuttgart ass dono besser aus de Kabinne komm an huet duerch de Führich ausgeglach, ma just 3 Minutten drop huet de Musiala nees op 2:1 gesat. De VfB huet sech awer net opginn a krut no engem Foul vum de Ligt an der Nospillzäit en Eelefmeter, deen de Guirassy souverän zum 2:2 verwandelt huet.

An engem serréierte Match tëscht Hertha Berlin a Bayer Leverkusen gëtt et um Enn kee Gewënner. Kuerz no der Paus konnt den Demirbay Leverkusen, déi just 3 Punkten aus 5 Matcher um Kont haten, a Féierung bréngen. D’Hertha ass awer zréckkomm an huet e puer Minutten drop duerch de Serdar den Ausgläich markéiert, éier de Richter ronn eng Véierelsstonn viru Schluss de Match gedréint huet. Leverkusen huet allerdéngs Moral bewisen a just 5 Minutten drop duerch de Schick nees op 2:2 gestallt, woubäi et och bis zum Enn bleiwe sollt.

Am Owesmatch konnt Schalke sech dunn nach am Derby 3:1 géint Bochum duerchsetzen. An engem ausgeglachene Match ass d’Lokalekipp kuerz virun der Halbzeit duerch den Drexler a Féierung gaangen. D’Äntwert vu Bochum huet net laang op sech waarde gelooss, soudass den Hofmann an der 51. Minutt den 1:1 schéisse konnt. Ronn eng Véierelsstonn viru Schluss war et dunn de Bochumer Masovic, deen de Gol no engem Fräistouss an den eegene Gol bugséiert huet. An der sechster Minutt vun der Nospillzäit huet den Ex-Bochumer Polter mat engem Kappball fir d’Entscheedung an déi éischt Victoire vun der Saison gesuergt.

Iwwerdeems verléiert Frankfurt doheem 0:1 géint Wolfsburg, wärend Mainz mam Leandro Barreiro sech 1:4 bei Hoffenheim muss geschloe ginn.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO