
An der Bundesliga stoung um Samschdeg den Duell tëscht Bayern München a Borussia Dortmund um Programm.
Paris SG - Lens1:1
1:0 Messi (68'), 1:1 Jean (88')
De PSG huet sech e Samschdeg deen zéngte Championstitel a Frankräich geséchert. Um 34. Spilldag ass der Ekipp vum Pochettino een 1:1-Remis géint Lens duergaangen. Domadder ass de PSG mam Rekordchampion St. Etienne gläich gezunn.
De Messi hat d’Lokalekipp mat engem Dramgol a Féierung bruecht. Kuerz viru Schluss hat de Jean fir d’Gäscht, déi duerch Giel-Rout vum Danso vun der 57. Minutt un an Ënnerzuel waren, ausgeglach.
St. Etienne - Monaco 1:4
0:1 Ben Yedder (23'), 0:2 Volland (25'), 1:2 Khazri (42'), 1.3 Kolodziejczak (61', Eegegol), 1:4 Boadu (77')
Monaco feiert eng dominant Victoire géint de Rekordchampion aus Frankräich. D’Monegassen hunn direkt am Ufank d’Weeche fir d’Victoire geluecht an hunn och vun engem Eegegol profitéiert. De Match gouf beim Stand vun 1:3 wéinst Exzesser op der Tribün ënnerbrach. Nodeems de Match nees opgeholl gouf, huet Monaco alles kloer gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Arsenal - Manchester United 3:1
1:0 Tavares (3'), 2:0 Saka (32', Eelefmeter), 2:1 Ronaldo (34'), 3:1 Xhaka (70')
Arsenal war séier a Féierung gaangen a konnt duerch en Eelefmeter op 2:0 erhéijen. De Cristiano Ronaldo konnt nach virun der Paus fir d’Red Devils verkierzen. Nom Säitewiessel huet de Bruno Fernandes en Eelefmeter fir Manchester verschoss an e Gol vum Cristiano Ronaldo gouf nom VAR wéinst Abseits oferkannt. Och nom 3:1 fir Arsenal huet ManU net opginn, mee d’Efforte goufen net belount. ManU verléiert den Uschloss un de Géigner vun haut an un d’Champions-League-Plazen.
Manchester City - Watford 5:1
1:0 Gabriel Jesus (4'), 2:0 Gabriel Jesus (23'), 2:1 Kamara (28'), 3:1 Rodri (34'), 4:1 Gabriel Jesus (49', Eelefmeter), 5:1 Gabriel Jesus
De Gabriel Jesus war mat véier Goler de Man of the Match. City huet fréi gewisen, wien Här am Haus ass a Watford d’Grenzen opgewisen. An der Paus stoung et schonn 3:1 fir d’Heemekipp an de Gabriel Jesus huet mat senge Goler dräi a véier bannent zéng Minutten no der Paus alles kloer gemaach. City bleift no dëser Victoire un der Tabellespëtzt.
Brentford - Tottenham 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - AS Roum 3:1
1:0 Dumfries (30'), 2:0 Brozovic (40'), 3:0 Martinez (52'), 3:1 Mhkitaryan (85')
Inter Mailand huet der AS Roum d’Grenzen opgewisen a war an der éischter Hallschent dréckend iwwerleeën. Roum wollt den 1:0 an d’Paus retten, do huet de Brozovic de schéinste Gol vum Owend geschoss. No der Paus huet Inter séier de Sak zou gemaach an den 3:0 markéiert. Roum huet déi zweet Hallschent besser an de Match fonnt, konnt awer just nach den Éieregol markéieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
An der spuenescher Liga gëtt dëse Weekend wéinst der Finall an der Copa del Rey kee Match gespillt.