
Hei gouf et an engem verréckte Spëtzematch tëscht dem Stater Racing an Nidderkuer beim 3:3 kee Gewënner. An enger schwaacher éischter Hallschent ass de Progrès no engem ëmstriddenen Eelefmeter duerch den De Almeida no enger gudder hallwer Stonn a Féierung gaangen, just zwou Minutten drop konnt den N’Goma awer mat engem schéine Schoss egaliséieren, soudatt den Arbitter d’Ekippe mat engem gerechten 1:1 an d’Paus geschéckt huet.
Am zweeten Ofschnëtt war de Progrès dunn déi besser Ekipp a konnt duerch ee weidere schéine Gol vum Karayer den alen Ofstand nees hierstellen. Déi Nidderkuerer hunn et awer dunn trotz e puer Occasiounen verpasst, de Match zouzemaachen, soudatt de Racing an der 78. Minutt duerch de Mabella op en Neits ausgläiche konnt. Ma aus Siicht vun de Visiteuren ass et dunn allerdéngs nach méi schlëmm komm, well de Mabella an der Nospillzäit nach fir de “Lucky Punch” konnt suergen. Dat ass et awer nach net gewiescht: an der allerleschter Aktioun vum Match huet de Peugnet sech bei engem Corner duerchgesat an onhaltbar fir de Ruffier am Stater Gol agekäppt. 3:3 huet et also um Enn no dësem verréckte Spillverlaf geheescht, ee Resultat, mat deem béid Ekippen eigentlech net kënnen zefridde sinn.
An der zweeter Partie huet d’Fola Esch den FC Rodange an engem ganz eesäitegen Duell mat 8:0 demontéiert. D’Goler vu Jacquel (21', 25', 58', 78'), Mustafic (36', 67'), Correia (45') a Simon (48') hunn um Enn fir eng héichverdéngte Victoire fir d’Fola gesuergt.
Am éischte Match ouni den alen Trainer Nicolas Grézault huet Péiteng sech doheem 3:0 géint Hueschtert behaapt. An enger intensiver Partie mat ville Golchancen ass d’Lokalekipp kuerz virun der Paus duerch den Teixeira a Féierung gaangen. No der Halbzeit huet d’Union Titus dunn de Match geréiert, ouni vill Occasiounen ze kreéieren. Ronn 10 Minutte viru Schluss hunn d’Haushären awer dunn duerch den Abreu an de Merk 2 Goler bannent 4 Minutten geschoss, woumat d’Partie gelaf war.