Dammefuttball Racing bleift an der Tabell weider 6 Punkte viru Mamer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend stoungen am nationale Futtball-Championnat bei den Damme verschidden Nodrosmatcher um Programm. 
© Archiv

Den Tabellenéischte Racing huet sech mat 3:0 géint Itzeg konnten behapten. Mamer hirersäits hu sech mat 6:0 géint Dikrech kloer konnten duerchsetzen. 4 Spilldeeg viru Schluss leit Racing an der Tabell mat 6 Punkte viru Mamer, an huet gutt Chancen op de Champions-Titel.

An deenen anere Matcher verléiert Käerjeng mat 0:1 géint Steesel. Ell klappt Wëntger/Wolz mat 1:0 a Beetebuerg verléiert doheem mat 1:4 géint Mënsbech.

E Samschdeg geet et da mam regulären 23. Spilldag weider.

Back to Top
CIM LOGO