DammefuttballRacing net frou iwwert déi aktuell Situatioun

RTL Lëtzebuerg
De Stater Futtballveräin reegt sech an engem oppene Bréif un d'Federatioun virun allem iwwer verschidde Saachen am Championnat op.
© RTL-Archivbild

De Racing a virop och seng Presidentin Karine Reuter sinn am Moment guer net frou, wéi den Dammefuttball bei der FLF behandelt gëtt.

Zum Beispill wär et net normal, datt ee Champion kéint ginn, mat deemno wéi méi Forfait-Victoirë wéi Succèsen um Terrain. Et ass aus dem Bréif erauszeliesen, datt dat och domat ze dinn hätt, datt déi iewescht Divisioun fir ëmmer méi Ekippen opgemaach géif ginn.

An deem Kontext ass effektiv am Futtballmilieu ze héieren, datt méi schwaach Ekippen dann heiansdo léiwer eng 0:3-Forfait-Defaite opgeschriwwe kréien, wéi zweestelleg ofgeschoss ze ginn. Et misst och elo eng Decisioun fir Changementer am Championnat geholl ginn an net eréischt am Hierscht um nächste Kongress.

PDF: Oppene Bréif un de President vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO