Kee 15. TitelRafael Nadal am éischten Tour vu Roland Garros eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
An dräi Sätz huet sech de Rekordgewënner vun der French Open bei "sengem Turnéier" misste geschloe ginn.

Et ass den Adieu fir de Rafael Nadal am éischten Tour vum zweete Grand Slam vun der Saison. Den 37 Joer ale Spuenier huet bei “sengem Tournoi” Roland Garros an dräi Sätz 3-6, 6-7 an 3-6 géint den Däitschen Alexander Zverev verluer. De Nadal huet d‘French Open am Simple net manner wéi 14 Mol gewonnen an huet domadder de Rekord zu Paräis.

An de leschte Méint war den 22-fache Grand Slam Gewënner ëmmer nees mat Blessurë gehäit. Den Nadal huet bei 116 Partië bei de French Open der just véier verluer.

Back to Top
CIM LOGO