PortraitRaphaël Duarte als Co-Trainer beim SV Elversberg aktiv

Christophe Hochard
Zanter dem Februar 2022 ass de Raphaël Duarte Co-Trainer beim SV Elversberg.
Raphaël Duarte am Portrait
Zanter dem Februar 2022 ass de Raphaël Duarte Co-Trainer beim SV Elversberg.

De Futtballclub aus der 3. däitscher Liga ass aktuell Tabellenéischten an huet all Chance, d’nächst Saison ze steigen.

Mam Uefa-A-Schäin an der Täsch huet de Lëtzebuerger Trainer sech en Numm zu Kanech gemaach. No 3 Saisone goung et op Nanzeg. Beim Veräin aus dem Saarland këmmert de Raphaël Duarte sech ëm d’Videoanalys an ass responsabel, fir d’Standard-Situatiounen anzetrainéieren.

Bis dëse Summer leeft säi Kontrakt bei Elversberg. Gäre wéilt hie weiderhi fir de Club schaffen.

Back to Top
CIM LOGO