NFLRavens, Chiefs, 49ers a Lions stinn an den NFC/AFC Championship Games

RTL Lëtzebuerg
De Super Bowl kënnt ëmmer méi no an zanter e Méindeg de Moien eiser Zäit steet fest, wien et an d'NFC/AFC Championship Games gepackt huet.

E Samschdeg scho konnte sech d’Baltimore Ravens mat 34:10 däitlech géint d’Houston Texans behaapten. No 30 Minutte stoung et 10:10, ma an der zweeter Hallschent hunn d’Ravens dunn opgedréint an d’Saach kloer gemaach.

E Sonndeg den Owend hu sech d’San Francisco 49ers knapp géint d’Green Bay Packers duerchgesat, dat mat 24:21. Domat sti se fir d’Véiert bannent 5 Joer am NFC Championship Game.

D’Detroit Lions wannen doheem mat 31:23 géint d’Tampa Bay Buccaneers, ugefeiert vu 65.000 Fans. Si kämpfen nächste Sonndeg deemno drëm, et eng éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an de Super Bowl ze packen.

Am leschte Match koum et zu engem reegelrechten Thriller, dëst tëscht de Buffalo Bills an de Kansas City Chiefs, mam besseren Enn fir d’Chiefs, déi um Enn mat 27:24 gewannen.

Kommende Sonndeg decidéiert sech dann, wéi eng zwou Ekippen den 12. Februar am Super Bowl openeen treffen.

Um 21 Auer spillen d’Baltimore Ravens géint d’Kansas City Chiefs. Um 00.30 Auer dann ass et den Duell tëscht de San Francisco 49ers an den Detroit Lions.

Back to Top
CIM LOGO