No schlechtem SaisonsoptaktRB Leipzig trennt sech vum Trainer Domenico Tedesco

RTL Lëtzebuerg
Nom schlechte Start an d'Bundesliga-Saison an der 1:4-Néierlag en Dënschdeg den Owend an der Champions League géint Donezk huet Leipzig reagéiert.
© AFP

De Veräin trennt sech deemno vum Domenico Tedesco, deen zanter dem 9. Dezember 2021 op der Trainerbänk souz. Am Mee hat hie mat Leipzig nach den DFB-Pokal gewonnen. Wien d’Successioun vum Tedesco iwwerhuele soll, gouf nach net kommunizéiert. Ënnert anerem soll awer de fréiere BVB-Trainer Marco Rose zu de Favoritten zielen.

Back to Top
CIM LOGO