
Nodeems d’lescht Woch déi éischt 4 Aachtelsfinallen an der Champions League gespillt goufen, stinn um Dënschdeg a Mëttwoch 4 weider Allersmatcher um Programm. Den Optakt hunn um Dënschdeg den Owend d’Finaliste vum leschter Joer, Liverpool a Real Madrid, gemaach. No engem spektakuläre Match, mat zwee kapital Feeler vum Courtois an Alisson, geet de Real no engem tëschenzäitlechen 0:2 Réckstand um Enn mat 5:2 op d’Anfield Road wannen.
Am zweete Match vum Owend krut et Eintracht Frankfurt, déi fir eng éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht an den 1/8-Finalle stinn, et mam SSC Neapel ze dinn. De Leader aus der Serie A war um Enn ze staark, a klappt d’Eintracht mat 2:0.
1:0 Nunez (4'), 2:0 Salah (14'), 2:1 Vinicius Junior (21'), 2:2 Vinicius Junior (36'), 2:3 Militao (47'), 2:4 Benzema (55'), 2:5 Benzema (67')
Mat 100 à l’heure sinn d’Reds an de Match gaangen, hunn déi Kinneklech vun Ufank un mat engem héische Pressing ënner Drock gesat, a sech an der véierter Minutt belount. No Viraarbecht vum Salah kennt den Nunez am Strofraum un de Ball a lenkt dat ronnt Lieder aus Ronn 6 Meter an de Gol.
Liverpool ass an der Suite weider um Ball bliwwen. De Salah kennt no enger flotter Eenzelaktioun am Strofraum zum Ofschloss, säin Schoss geet awer knapps laanscht de Potto. 2 Minutte méi spéit kennt et zu enger ganz onglécklech Aktioun vum Courtois. No engem Réckpass vum Carvajal huet de Golkipp vum Real mat sengem Knéi de Ball onfräiwëlleg dem Salah opgeluecht, deen de Ball huet nëmmen nach missen an de Filet schäissen. Liverpool louch no 14 Minutte mat 2:0 a Féierung.
Quasi aus dem Näischt hunn d’Gäscht an der 21. Minutt den Uschlossgol markéiert. No engem flotten Zesummespill mam Benzema kennt de Vinicius Junior frei zum Ofschloss. Keng Chance fir den Alisson am Gol vu Liverpool. An et war de genannten Alisson, deen an der 36. Minutt net op der Héischt war. No engem Réckpass vum Gomez schéisst de LFC-Golkipp de Vinicius Junior un, vun do aus sprengt de Ball an de Gol; 2:2 no 36 Minutten. Mat dësem Resultat sollt et dann och an d’Paus goen.
Déi zweet Hallschent ass ugaange wéi déi éischt, just op der anerer Säit. No engem Corner kennt de Militao frei zum Kappball, a markéiert säin 1. Gol an der CL. Liverpool war geschockt, wat d’Ekipp vum Carlo Ancelotti äiskal ausgenotzt huet. De Benzema säi Schoss an der 55. Minutt gëtt ofgefälscht a sprengt vum Gomez sengem Fouss an de Gol. Den Alisson konnt do näischt maachen. Et war dem Benzema säin 1. Gol an der Champions League an deser Saison.
An et war de Fransous an aktuelle Weltfuttballer deen an der 67. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt huet. No engem Konter iwwer Modric a Vinicius Junior kennt de Benzema frei zum Ofschloss, léisst dem Alisson keng Chance, a schéisst de Ball uewe lenks an den Eck. Real Madrid huet de Match domat komplett gedréint, aus engem 0:2 maachen déi Kinneklech no 67. Minutten ee 5:2.
Liverpool huet et an der Schlussphase wuel nach probéiert, mee d’Loft war bei der Ekipp vum Jürgen Klopp eraus. Madrid gewënnt no enger formidabeler 2. Hallschent mat 5:2 zu Liverpool, an huet sech domat eng ideal Ausgangspositioun fir de Retourmatch eraus gespillt.
0:1 Osimhen (40'), 0:2 di Lorenzo (65')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.