Champions LeagueReal Madrid klappt Neapel, Arsenal a ManU verléieren

RTL Lëtzebuerg
Victoirë gouf et iwwerdeems fir Bayern, Inter, Braga a Real Sociedad. PSV Eindhoven huet 2:2 gläich géint Sevilla gespillt.
Den Jude Bellingham hat den 2. Gol fir Real markéiert.
Den Jude Bellingham hat den 2. Gol fir Real markéiert.
© JOSE BRETON/NurPhoto via AFP

Um Dënschdeg Owend gouf an de Gruppen A bis D den Optakt vum 2. Spilldag an der Champions League gespillt.

Am Grupp C huet Real Madrid an engem flotte Match knapp zu Neapel gewonnen. Donieft huet Union Berlin a leschter Sekonn am Olympiastadion géint Braga verluer.

Eng grouss Iwwerraschung gouf et iwwerdeems am Grupp A. Manchester United huet doheem 2:3 géint Galatasaray verluer a steet no 2 Spilldeeg mat 0 Punkten do. Bayern München huet sech knapp zu Kopenhagen behaapt a steet mat 6 Punkten un der Tabellespëtzt.

Am Grupp B huet Lens sech och iwwerraschend géint Arsenal behaapt a PSV Eindhoven huet sech ee Punkt géint Sevilla geséchert.

Nodeems Salzburg am Grupp D mat enger Victoire gestart war, hunn d’Éisträicher doheem géint Real Sociedad de Kierzere gezunn. Inter huet knapp géint Benfica d’Iwwerhand behalen.

Grupp C

Neapel - Real Madrid 2:3
1:0 Östigard (19'), 1:1 Vinicius Junior (27'), 1:2 Bellingham (34'), 2:2 Zielinski (54', Eelefmeter), 2:3 Meret (78', Selbstgol)

De Match tëschent den 2 Favoritten am Grupp C huet mat vill Tempo ugefaangen. No 6 Minutten hat de Rodrygo déi éischt gutt Chance fir d’Gäscht, ass awer um Golkipp hänke bliwwen. Real huet weider no vir gespillt an hat no 15 Minutte schonns sechsmol op de Gol geschoss. Op der anerer Säit ass Neapel mat der 1. gudder Chance a Féierung gaangen. No engem Corner konnt den Östigard de Ball an de Filet käppen.

D’Reaktioun vu Real huet net laang op sech waarde gelooss. No enger schlechter Pass vum di Lorenzo huet de Bellingham de Vinicus Junior an Déift geschéckt. De Brasilianer konnt aus spatzem Wénkel markéieren. D’Heemekipp huet probéiert d’Spill ze maachen, de nächste Gol sollt awer nees op der anerer Säit falen. No enger flotter Eenzelaktioun huet de Bellingham de Match no 34 Minutte komplett gedréint. Och an der Suite hu béid Ekippen net opgehalen an et goufe Chancen op béide Säite, e weidere Gol ass an der 1. Hallschent awer net méi gefall.

Nom Téi ass et direkt mam nächste Gol zu Neapel weidergaangen. Nodeems de Nacho de Ball am Strofraum mat der Hand gespillt hat, huet den Zielinski den Eelefmeter eragesat. Duerno ass d’Partie méi roueg ginn a kloer Méiglechkeete sinn op béide Säiten ausbliwwen. Neapel huet gutt verdeedegt an d’Gäscht hunn am Spill no vir ze lues agéiert. An der 74. Minutt huet de Bellingham knapp laanscht de Gol gekäppt. D’Spuenier sinn dono méi aktiv ginn an 3 Minutte méi spéit nees a Féierung gaangen. De Valverde huet mat engem secke Wäitschoss de Ball widder d’Lat geschoss an de Meret am Gol vun Neapel huet de Ball an den eegene Gol deviéiert. Real Madrid huet dono näischt méi ubrenne gelooss an och den 2. Match an der Champions League mat 3:2 vir sech entscheet.

D’Goler vum Match am Iwwerbléck

SSC Neapel géint Real Madrid
D’Goler am Iwwerbléck.

Union Berlin - Braga 2:3
1:0 Becker (30'), 2:0 Becker (37'), 2:1 Niakté (41'), 2:2 Bruma (51'), 2:3 Castro (90+5')

De Resumé vum Match

Champions League: De Resumé vum Match tëscht Union Berlin a Braga
Union verléiert doheem géint d’Ekipp aus Portugal

Grupp A

Kopenhagen - Bayern München 1:2
1:0 Lerager (56'), 1:1 Musiala (67'), 1:2 Tel (83')

Manchester United - Galatasaray 2:3
1:0 Höjlund (17'), 1:1 Zaha (23'), 2:1 Höjlund (67'), 2:2 Akturkoglu (71'), 2:3 Icardi (81')

De Resumé vu béide Matcher am Grupp A

Champions League: Bayern - Kopenhagen a Man United - Galtasaray am Resumé.
Déi Münchener hu sech zu Kopenhagen mat 2:1 duerchgesat a United verléiert iwwerraschend doheem.

Grupp B

Lens - Arsenal 2:1
0:1 Gabriel Jesus (14'), 1:1 Thomasson (25'), 2:1 Wahi (69')

PSV - Sevilla 2:2
0:1 Gudelj (68'), 1:1 de Jong (86', Eelefmeter), 1:2 En-Nesyri (87'), 2:2 Teze (90+5')

D’Zesummefaassung vun de Matcher

Champions League: D'Resuméë vun de Matcher Arsenal-Lens a PSV-Sevilla.
Lena konnt sech doheem mat 2:1 duerchsetzen. PSV a Sevilla hunn 2:2 gespillt.

Grupp D

Salzburg - Real Sociedad 0:2
0:1 Oyarzabal (7'), 0:2 Mendez (27')

Inter Mailand - Benfica 1:0
1:0 Thuram (62')

De Resumé vu béide Matcher

Champions League: Salzburg géint Real Sociedad an Inter géint Benfica am Resumé
Salzburg verléiert 0:2 géint Real Sociedad an inter wënnt 1:0 a Portugal

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO