
Tottenham Hotspur - Portsmouth FC 1:0
1:0 Kane (50')
De Veräin aus der League 1 huet laang gutt verdeedegt, kuerz no der Halbzeit huet den Harry Kane awer fir den decisive Gol gesuergt. Portsmouth hat deem näischt méi entgéintzesetzen an d’"Spurs” waren dem zweete Gol méi no méi d’Visiteuren dem Ausgläich. Sou gewënnt d’Formatioun vum Antonio Conte héichverdéngt an zitt an déi nächst Ronn an.
FC Brentford - West Ham United 0:1
0:1 Benrahma (79')
FC Liverpool - Wolverhampton Wanderers 2:2
0:1 Guedes (26'), 1:1 Nuñez (45'), 2:1 Salah (52'), 2:2 Hwang (67')
D’Spectateuren un der Anfield Road hunn ee spannende Match gesinn, an deem d’"Wolves” no engem katastrophale Feeler vum Alisson a Féierung gaange sinn. Kuerz virun an no der Paus konnt Liverpool de Match dunn dréinen, éier den Hwang nees ausgeglach huet. Domat gëtt elo nach ee Match tëscht béiden Ekippe gespillt, fir ze decidéieren, wien an déi nächst Ronn anzitt.
AC Florenz - Sassuolo Calcio 2:1
1:0 Saponara (48'), 1:1 Berardi (57', Eelefmeter), 2:1 Gonzalez (90+1', Eelefmeter)
Juventus Turin - Udinese Calcio 1:0
1:0 Danilo (86')
Juventus Turin huet de Match dominéiert an hat ënner anerem duerch de Kean an de Rugani gutt Occasiounen, fir a Féierung ze goen. An der 86. Minutt war et dann de Kapitän Danilo, deen d’"Bianconeri” no Virlag vum Chiesa erléist huet. Juventus huet domat déi lescht 7 Championnatsmatcher alleguer gewonnen an ass nees an der Course ëm de Scudetto.
SSD Monza - Inter Mailand 2:2
0:1 Darmian (10'), 1:1 Ciurria (11'), 1:2 Martinez (22'), 2:2 Caldirola (90+4')
Dem Darmian säi Gol gouf direkt duerch den Ciurria egaliséiert, ma op de Gol vum Weltmeeschter Martinez huet Monza bal déi ganz Partie laang keng Äntwert méi fonnt. Kuerz viru Schluss ass et awer dann de Caldirola, deen de Lucky Punch setze kann a fir dee verdéngten Ausgläich suergt. Mat dësem Remis fält Inter Mailand an der Tabell elo 3 Punkten hannert Juventus Turin.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Villarreal - Real Madrid 2:1
1:0 Pino (47'), 1:1 Benzema (60', Eelefmeter), 2:1 Moreno (63', Eelefmeter)
D’Spectateuren zu Villarreal kruten een animéierte Match gebueden, an deem virun allem d’Lokalekipp e puer Chancen op d’Féierung hat. Direkt no der Paus war et dunn de jonke Pino, dee seng Faarwen no engem schéine Spillzuch a Féierung brénge konnt. Kuerz drop gouf et dunn en Eelefmeter wéinst Handspill fir Real Madrid, deen de Benzema verwandelt huet. Ma op der anerer Säit krut Villarreal just 3 Minutten drop och en Handeelefmeter an ass nees a Féierung gaangen. Obwuel béid Ekippen an der Suite Chancen op ee weidere Gol haten, bleift et um Enn beim iwwerraschenden, awer verdéngten 2:1 fir dat “gielt U-Boot”.
RCD Mallorca - Real Valladolid 1:0
1:0 Prats (90+4')