Internationale FuttballReal Madrid wënnt Clásico an iwwerhëlt Tabellespëtzt

RTL Lëtzebuerg
Tottenham huet an der englescher Premier League iwwerdeems eng Féierung aus der Hand ginn a Man. United koum net iwwer en 1:1 zu Everton eraus.
© AFP

E Sonndeg war et d’Suite vum 24. Spilldag an der däitscher Bundesliga an och an England ass de Ball gerullt. A Spuenie huet iwwerdeems alles op den El Clásico tëscht Real Madrid an dem FC Barcelona gekuckt. A Frankräich war de LOSC vum Lëtzebuerger President Gérard Lopez am Asaz.

Hei den Iwwerbléck vun de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.

La Liga

Espanyol Barcelona - Atlético Madrid 1:1
1:0 Savic - Selbstgol (24'), 1:1 Saul (47')

Real Madrid - FC Barcelona 2:0
1:0 Junior Vinicius (71'), 2:0 Mariano (90+2')

De spuenesche Futtball-Rekordchampion Real Madrid huet am 244. Clásico de grousse Konkurrent Barcelona vun der Tabellespëtzt verdrängt. D’Ekipp vum Trainer Zinedine Zidane huet sech no enger staarker zweeter Hallschent verdéngt mat 2:0 géint d’Katalanen duerchgesat. De Gol vum Dag huet deen 19 Joer ale Vinicius Junior no engem Drampass vum Kroos an der 71. Minutt geschoss. Barca hat näischt méi entgéint ze setzen. De Mariano huet an der 2. Minutt vun der Nospillzäit mam 2:0 nach fir d’Schlussresultat gesuergt. An der Tabell läit Real Madrid no 26. Spilldeeg elo 1 Punkt viru Barcelona. Fir Real wär et deen éischte Championstitel zanter 3 Joer.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Bundesliga

RB Leipzig - Bayer Leverkusen 1:1
0:1 Bailey (29'), 1:1 Schick (32')

D’Leipzig koum net iwwer een 1:1 géint Leverkusen eraus. Bayer ass duerch de Bailey a Féierung gaangen, krut awer kuerz drop den Ausgläich geschoss. Et goung mat engem 1:1 an d’Paus.

An den zweete 45 Minutte ass kee Gol méi gefall. Zwar ass RB an de Schlussminutte vun dëser Partie op den 2:1 gedréckt, d’Jonge vum Trainer Nagelsmann haten awer net déi néideg Portioun Reussite op hirer Säit.

An der Tabell hunn d’Bullen elo e Retard vun 3 Punkten op Bayern München.

Union Berlin - Wolfsburg 2:2
1:0 Andersson (41'), 2:0 Friedrich (57'), 2:1 Gerhardt (60'), 2:2 Weghorst (81')

Obwuel e Gol an der 1. Hallschecht gefall ass, stoung de Futtball an den éischte 45 Minutten net am Virdergrond. Op en Neits koum et wéinst verschiddene Spectateuren zu enger Ënnerbriechung, dat well Plakater géint den Investisseur Dietmar Hopp am Block vun de Berliner opgedaucht sinn. Ronn 10 Minutten huet d’Ënnerbriechung gedauert, dono huet den Arbitter béid Ekippe fir den Téi an d’Kabinne geschéckt.

Nom Säitewiessel wollt de VfL mat engem séiere Gol zeréck an d’Partie fannen. Et waren awer d’"Eisernen”, déi op 2:0 schrauwe konnten. Esou goung et mat engem Avantage fir den Opsteiger an déi lescht hallef Stonn. An dëser hunn d’Gäscht aus der Autostad awer eng Reaktioun gewisen, si mat 2 Goler zeréck an de Match komm an hunn um Enn nach e Punkt kritt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Everton - Man. United 1:1
1:0 Calvert-Lewin (3'), 1:1 Fernandes (31')

D’Red Devils lafen och dës Saison hiren Erwaardungen nees hannendrun. D’Ekipp vum Trainer Solskjaer ass och géint Everton net gutt gestart. Keng 3 Minutten huet et dauert, ier Everton a Féierung goe konnt. De Ball louch elo bei de Gäscht vu Manchester, fir nees zeréck an de Match ze fannen. Dat ass och mat engem Gol vun der neier Recrue Fernandes gelongen. Nom Säitewiessel huet dat ronnt Lieder de Filet net méi fonnt, soudatt et beim 1:1-Remis blouf. E Resultat, dee kenger Ekipp esou richteg weiderhëlleft.

Tottenham - Wolverhampton 2:3
1:0 Bergwjn (13'), 1:1 Doherty (27'), 2:1 Aurier (45'), 2:2 Jota (57'), 2:3 Jiménez (73')

E komplett geckege Match hunn d’Specateuren iwwerdeems am Tottenham Stadium gesinn. Waren d’Spurs nom 1. Duerchgang nach mat 2:1 am Avantage, krutt d’Formatioun vum Trainer Mourinho an den zweete 45 Minutten déi kal Dusch. No engem duebele Coup vum Jota a Jiménez huet d’Tottenham virum eegene Public d’Victoire aus der Hand ginn.

© AFP

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Nantes - Lille 0:1
0:1 Andre (58')

De LOSC hat mat engem Dräier géint den FC Nantes d’Chance, mam Drëtten aus der Tabell, Stade Rennes, gläichzezéien. D’Ekipp vum President Gerard Lopez konnt der Partie an den éischte 45 Minutten awer net de Stempel opdrécken - 0:0 no 45 Minutten. Dono koum Lille besser an de Match an ass kuerz virun der Stonn mat 1:0 an den Avantage komm. D’Gäscht aus Nordfrankräich konnten dëse Virsprong iwwer d’Zäit bréngen an domat déi 4. Tabelleplaz an der Ligue 1 zementéieren.

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO