Nationale FuttballRéckbléck: 20 Joer Doublé vum CS Gréiwemaacher

RTL Lëtzebuerg
Nom Championstitel am Mee 2003 hat d'Ekipp vun der Musel eng Woch méi spéit d'Coupe gewonnen. E Sonndeg gouf en Deel vun dëser Ekipp geéiert.
Réckbléck: 20 Joer Doublé vum CS Gréiwemaacher
Am Joer 2003 war et dem Veräin vun der Musel d’Konschtstéck gelongen, de Championstitel an d’Coupe ze gewannen.

Den CS Gréiwemaacher spillt mëttlerweil an der Éierepromotioun, mee de Veräin huet eng erfollegräich Vergaangenheet. Virun 20 Joer hat d’Ekipp vum Trainer Herbert Herres d’Konschtstéck fäerdegbruecht, d’Coupe an de Meeschtertitel ze gewannen. Eelef fréier Spiller an hiren deemolegen Trainer goufen e Sonndeg virum Championnatsmatch “Op Flohr” nach eemol fir hiren Exploit geéiert.

© RTL / Christophe Hochard
© RTL / Christophe Hochard

Back to Top
CIM LOGO