De Régis Thill huet Mëtt den 80er Joren ugefaangen als Sportjournalist fir RTL Télé Lëtzebuerg ze schaffen. Di éischte Reportagen huet hie fir den Handball gemaach. Hien huet selwer gespillt a sech no senger aktiver Zäit och engagéiert. 1984 war hien als offiziellen Delegéierte vun der internationaler Handballfederatioun bei den Olympesche Spiller zu Los Angeles dobäi, wou hien de Pilo Fonck kennegeléiert huet.
Zousätzlech zum Handball huet hien ugefaangen iwwert de Reitsport ze beriichten, an dat mécht hie bis haut. Elo scho méi wéi 30 Joer.
“D’Affinitéit war einfach schonn emol do, well mäin jéngste Meedche Westernreide gemaach huet. Ech war also iergendwéi do dran. An iergendwann eng Kéier huet de Pilo Fonck zu mer gesot “So mir bräichten een, dee sech ëm d’Reide géing bekëmmeren.” An dunn hunn ech gesot, jo dat passt fir mech. Ech weess bësse Bescheed.”
Hien huet deemno d’Réiser Päerdsdeeg vun Ufank u mat Mikro a Kamera begleet.
D’Réiser Päerdsdeeg sinn eng éischte Kéier 1992 um Herschesfeld zu Réiser organiséiert ginn. Dëst Joer ass et dat eenzegt international Reitturnéier, wat hei am Land stattfënnt. Reider aus 27 Natiounen hu fir déi verschidde Competitioune gemellt. Den éischte Weekend vum 16.-18. Juni beim CSI* ginn eng 220 Päerd un de Start an den zweete Weekend 22.-25. Juni beim CSI*** eng 350 Päerd. Beim Grousse Präis, Sonndes de 25. Juni, wäert de Parcours sou héich a schwéier sinn, wéi nach net dacks virdrun. De Parcours entsprécht dëst Joer de Krittäre fir sech fir d’Olympesch Spiller ze nominéieren.
D’Réiser Päerdsdeeg si fir Visiteure gratis. Nieft dem Reitsport kann ee Samschdes a Sonndes och mam Fierschter en Tour duerch de Bësch maachen an d’Aarbechtspäerd am Asaz gesinn.