De Metzer Liichtathletik-Indoormeeting ass als 8 wichtegste weltwäit agestuuft, eng Kategorie méi héich wéi de Lëtzebuerger Meeting. E puer Performancen, déi e Samschdeg realiséiert goufen, verdéngen d’Predikat Weltklass.
Ugefaange mam Femke Bol. Iwwer 400 Meter huet d’Hollännerin de 4. beschte Chrono an der Geschicht vun der Liichtathletik realiséiert. Eng Stonn drop huet déi dräifach Europameeschterin den hollänneschen Indoorrekord iwwert 200 Meter gebrach. D’Yaroslava Mahuchikh huet mat 2 Meter 02 eng Jores-Weltbeschtleeschtung am Héichsprong opgestallt. D’Ukrainerin blouf nëmme 6 Zentimeter vum Weltrekord ewech.
Leider stoungen d’Hecken, d'60 Meter an d’Bommstoussen net um Programm, esou dass eis Bescht Bertemes, Graillet, Rausch a Van der Weken net untriede konnten an et blouf just nach de Charel Grethen, deen an enger A-Finall am Asaz war. Aner Lëtzebuerger sinn an de B-Finalle gelaf, wéi de Bob Bertemes, deen iwwer 3000 Meter 4. gouf, an de Gil Weicherding, deen als 11. en neien nationalen U23-Rekord realiséiert huet. De Charel Grethen huet an der Finall iwwer 3000 Meter de Fändel héich gehalen. Wann een den Dag virun der Kompetitioun den CSL-Athlet héieren huet, da war een net iwwerrascht, dass hien e groussen Deel vun der Course am hënneschten Deel vum Grupp verbruecht huet.
Mat enger 4. Plaz an engem neien nationale Rekord huet den Ausdauertest geklappt an den Héichtentraining a Südafrika sech gelount. De Charel Grethen huet och Culot gewisen, wéi hie sech un d’Spëtzt gesat huet, an et konnt een erëm eng Kéier feststellen, dass den 30 Joer ale Lëtzebuerger sech net verstoppt a sech richteg wuel fillt bei groussen Evenementer.