
Hien ass mat engem Chrono vun 22 Sekonnen a 55 Honnertstel ugeschloen. De Fabiani ass domadder e bëssen ënnert sengen eegenen Erwaardungen zeréckbliwwen. “Ech sinn objektiv enttäuscht, awer ech kucken no vir. Ech hat 35 gutt Meter. Et muss een elo déi richteg Schlëss doraus zéien a weidermaachen”, zitéiert d’FNLS hien op Facebook.
Den nächste Rendez-vous fir de Rémi Fabiani ass Ufank Mäerz um CIJ Meet an der Coque.
