Schwamm-WMRémi Fabiani mat neiem nationale Rekord

RTL Lëtzebuerg
De Schwëmmer vun Déifferdeng huet säin eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Crawl verbessert.
© FLNS (Archiv)

Op der Schwamm-WM zu Fukuoka a Japan huet de Rémi Fabiani e Freideg en nationale Rekord opgestallt.

De Schwëmmer vum Schwamm Club Déifferdeng huet seng eege Beschtzäit iwwer 50 Meter Crawl op 22 Sekonnen a 47 Honnertstel verbessert.

Nom Ralph Daleiden-Ciuferri iwwer 100 Meter Crawl ass et deen zweeten neien nationale Rekord op der Schwamm-WM.

Back to Top
CIM LOGO