
Op der Schwamm-WM zu Fukuoka a Japan huet de Rémi Fabiani e Samschdeg en neie perséinleche Rekord opgestallt. De Schwëmmer vum Schwamm Club Déifferdeng huet seng eege Beschtzäit iwwer 50 Meter Réck op 25 Sekonnen a 87 Honnertstel verbessert.
E Freideg hat de jonke Schwëmmer schonn iwwer 50 Meter Crawl en neien nationale Rekord opgestallt.