Den Optakt vum 25. Spilldag huet den Tabellenzweeten Nidderkuer gemaach, déi den Zweetleschten Rodange op Besuch haten. Béid Ekippen haten hir Chancen an den éischte 45. Minutten an de Pomponi konnt d’Favoritten no 31. Minutten no Virlag vum Azong a Féierung bréngen. Ma Rodange huet dono gedréckt an de Feeler vum Nidderkuerer Keeper Flauss um Schmit huet en Eelefmeter matsechbruecht. Dësen huet den N’Diaye an der 40. Minutt verwandelt a seng Ekipp domadder zeréck an de Match bruecht. Rodange hat dann nach an der Nospillzäit d’Chance, e Féierung ze goen, ma den Nogbou hat de Ball iwwert de Gol gekäppt. Nom Säitewiessel huet Nidderkuer gedréckt, ma de Mann am Gol bei Rodange huet hir Chance verhënnert. Nidderkuer huet vill Chance leie gelooss, ma Rodange konnt eng vun hire wéinegen notzen an den Amehi huet no Virlag vum Ndiaye den 2:1 fir d’Gäscht markéiert, dat an der 85. Minutt. Bei deem Score sollt et bleiwen. Nidderkuer huet an deene leschte 5 Matcher domadder just 3 Punkte geholl a kéint um 25. Spilldag déi zweet Plaz an der Tabell verléieren, wann Hesper, d’Fola oder Déifferdeng hir Partie wannen.
D’Fola hat et dann am Spëtzematch vun dësem Weekend mam Tabelleleader F91 Diddeleng ze dinn. An d’Gäscht vun Esch hu scho fréi gewisen, datt si hei déi dräi Punkte wëlle mat heem huelen. No 6 Minutten huet den Dragovic mat engem schéinen Distanzschoss d’Féierung markéiert, kuerz virun der Paus huet den De Sousa esouguer nach op 2:0 erhéicht. Mat deem Resultat ass et och an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel haten déi Diddelenger hir Chancen, waren awer net konsequent genuch. Dogéint huet den Diallo an der 69. Minutt vun enger gudder Flank profitéiert, an den Avantage vun den Escher op 3:0 eropgesat. An der 83. Minutt ass dunn de Knuet bei deenen Diddelenger geplatzt, awer esou Richteg. Als éischt huet den Da Cruz den 1:3 markéiert an d’Minutt drop huet de Muratovic op 2:3 verkierzt, esou datt et nach ganz interessant lescht Minutte gouf. Well an deene kee Gol méi gefall ass wannen déi Escher dëse Match, deen zum Schluss fir si wuel nach eng Kéier ze spannend gouf.
Och de Swift Hesper huet an den éischte 45 Minutte gewisen, datt si an der Tabell laanscht Nidderkuer klamme wéilten. No engen 9 Minutten huet de Couturier si bei Hamm Benfica a Féierung bruecht, no enger Flank vum Philippe. Vill Golchance gouf et net méi an et goung mat enger knapper 1:0-Féierung fir d’Favoritten an d’Paus. Nom Säitewiessel war de Swift esouguer nach méi séier, fir ze markéieren, well direkt an der 46. Minutt huet de Mokulu op 2:0 erhéicht an an der 80. esouguer op 3:0. De 4:0 huet dunn de Philippe an der 91. Minutt markéiert, bei deem Score ass et och bliwwen.
Déifferdeng huet sech bei Hueschtert méi schwéier gedoen, fir a Féierung ze goen. D’Partie war gepräägt vun Zweekämpf a Feelpassen an et ass kenger Ekipp gelongen, sech zwéngend Golchancen ze kreéieren. En änlecht Bild an den zweete 45 Minutten, esou datt d’Spectateuren zu Hueschtert kee Gol ze gesi kruten.
Och keng Goler virum Pausentéi sinn tëscht Wolz a Stroosse gefall. Wuel gouf et Schëss a Richtung Gol, déi awer ze seele geféierlech waren. 78 Minutte laang hunn d’Fans misste waarden, bis se eng éischte Kéier e Gol ze gesi kruten. Zum leed vun der Heemekipp war et awer de Baiverlin, deen d’Gäscht a Féierung bruecht huet. Feiere konnten déi Wëlzer dann an der 94. Minutt wéi den Ippolito vum Gewulls virum Gol konnt profitéieren an de Wëlzer nach ee Punkt séchere konnt.

Eng knapp Féierung an der Paus hat d’Escher Jeunesse doheem géint Victoria Rouspert. Kuerz virun der Paus hat de Moussa de Ball mam Kapp iwwert d’Linn gedréckt, d’Virlag koum vum Mendes. Den 1:0 ass an enger Phas gefall, wou déi Escher d’Géigner méi ënner Drock gesat hunn. Och an der zweeter Hallschent hunn déi Escher vun enger Drockphas profitéiert, fir den 2:0 ze schéissen. Hei war et de Kyei an der 89. Minutt, dee vun engem Mëssverständnes vun den Defenseure profitéiere konnt.

Vum Punkt aus huet de Mabella an der 24. Minutt d’Féierung fir de Racing markéiert, nodeem hie selwer gefoult gouf. D’Etzella vun Ettelbréck hat 5 Minutte virdrun eng Grousschance, fir a Féierung ze goen, ma de Celani hat bei engem Konter aus ronn 11 Meter de Ball laanscht de Gol geschoss, esou datt et virum Säitewiessel 1:0 stoung. No 52 Minutten huet den Celani et du besser gemaach an konnt dëst d’Kéier den Duell géint de Golkipp gewannen an den Ausgläich markéieren. Kuerz viru Schluss dann huet den Herr de Match gedréint, dat an enger Phas, wou u sech de Racing dominant war. D’Heemekipp koum net méi zeréck an d’Gäscht aus Ettelbréck hunn déi 3 Punkten no der 2:1-Victoire matheem geholl.

Kee Gol an den éischte 45 Minutten tëscht Union Titus Péiteng an der US Munneref, dat och, well d’Ekippe méi drop konzentréiert waren, kee Gol ze kasséieren an net wierklech vill Tempo an dëser Partie dra war. Fir d’Heemekipp gouf et dann awer an der 52. Minutt eppes ze feieren, wéi de Abreu déi Péitenger a Féierung bruecht huet, no gudder Viraarbecht vum Pina Gomes. De Gol huet d’Partie méi séier a méi interessant gemaach, well béid Ekippen elo méi gemaach hunn. Duerch e Corner an der 64. Minutt an e gudde Käpper vum Morabit hu sech déi Munnerefer zeréck an d’Partie gekämpft an um Schluss krute béid Ekippen bei dësem 1:1 e Punkt an der Tabell bäi.
