FuttballRomelu Lukaku wiesselt fir iwwer 100 Milliounen Euro bei Chelsea London

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend huet Chelsea den Transfert vum Romelu Lukaku vum italienesche Meeschter Inter Mailand bei de Londoner Veräin offiziell gemaach.
© AFP/SID/MIGUEL MEDINA

Een Dag no der Victoire am europäesche Supercup huet den aktuellen Champions-League-Gewënner de Wiessel vum 28 Joer ale Stiermer, dee schonn zanter Deeg an der Loft louch, op Twitter bekannt ginn.

De Lukaku huet bei Chelsea ee Kontrakt bis 2026 ënnerschriwwen, bei Inter hat hien nach ee Kontrakt fir 3 Joer. Iwwer déi bezuelten Zomm ass offiziell näischt bekannt, englesch Medie ginn awer vu ronn 115 Milliounen aus.

“Et war ee laange Wee fir mech: Ech sinn als Kand heihi komm, dat vill ze léieren hat, an elo kommen ech zréck mat vill Erfarung a méi räif”, sou de Lukaku.

Den 98-fache Nationalspiller stoung scho vun 2011 bis 2014 bei de “Blues” ënner Kontrakt. Hie gouf awer fir d’éischt u West Bromwich Albion an duerno un den FC Everton verléint, déi de Belsch du fest verflicht hunn. No 3 Joer bei den “Toffees” ass hien da bei Manchester United gewiesselt, ier hien 2019 op Mailand gaangen ass.

Do hannerléisst hien ee grousst Lach, mat senge 24 Goler hat hien an der leschter Saison bei Inter ee groussen Undeel um Gewënn vun der italienescher Serie A. Als Ersatz fir de Lukaku ass bei den “Nerazzurri” den Edin Dzeko vum AS Roum am Gespréich.

Dem Online-Portal “transfermarkt.de” no, ass de Belsch duerch déi 115 Milliounen Euro elo deen zweet-deierste Spiller, dee jeemools vun engem Veräin aus der englescher Premier League verflicht gouf. Op der éischter Plaz läit den Englänner Jack Grealish, dee viru ronn enger Woch fir 117,5 Milliounen Euro vun Aston Villa op Manchester City gewiesselt war.

An enger anerer Kategorie steet de Romelu Lukaku awer duerch dësen Transfert un der Spëtzt. Hien ass nämlech elo dee Spiller, fir deen a senger Karriär am Ganzen am meeschte Sue gefloss sinn. Virun allem duerch seng Wiessel bei Manchester United, Inter Mailand an elo Chelsea ass hien no “transfermarkt.de” duerch 6 Transferte mat insgesamt 328 Milliounen Euro den Éischten. Op der zweeter Plaz läit den Neymar mat 310 Milliounen Euro, hien huet dofir awer just 2 Transferte gebraucht.

Back to Top
CIM LOGO