Urban Trail 2024Ronn 3.500 Leefer hu sech dem Abrëllswieder gestallt

RTL Lëtzebuerg
Déi 3.500 Leefer a Leeferinne kruten esou zimmlech alles zum Beschten, wat launescht Abrëllswieder ze bidden huet.
Urban Trail 2024
Mat 2.000 Marcheuren a 3.500 Leefer ass den Urban Trail, zesumme mam ING-Marathon, déi populäerste Sportsmanifestatioun an der Stad.

Souguer d’Sonn koum heiansdo tëschent de Wolleken erausluussen. Och Stau stoung e Sonndeg um Programm, an dat obschonn d’Departen a Wellen organiséiert gi waren. Eng ideal Geleeënheet, fir sech an där herrlecher Alstad ëmzekucken. Dat ass jo och ee vun den Ziler vum Organisateur, nämlech fir d’Stad am Lafen z’entdecken. D’Nimm vun deene 4 verschiddene Strecken, mat ënnerschiddlechen Distanzen, ënnersträichen dat. Op de Spuere vum Vauban, an dem Melusina, den Trail vun de Befestegungen an dann d’Grand-Ducale, déi och nach d’Kinneksdisziplin genannt gëtt. Och en Ausfluch op Hesper stoung um Programm, an do sinn d’Trailspezialisten ënnerwee, mat den éischte Plazen am Viséier. Och fir si, ass wärend deene 34 Kilometer, Zäit bliwwen, fir d’Landschaft ze genéissen. Vainqueur vun de 34 Kilometer gouf den Toni Veigas.

Mat 2.000 Marcheuren a 3.500 Leefer ass den Urban Trail, zesumme mam ING-Marathon, déi populäerste Sportsmanifestatioun an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO