
Tampa Bay Buccaneers - San Francisco 49ers 7:35
Den Homecoming vum Goat Tom Brady, dee knapp 40 Kilometer vu San Francisco ewech opgewuess ass, gouf him e Sonndeg den Owend richteg versalzt. De Brady, deen als ee vun de beschte Quarterbacks vun allen Zäite gëllt, huet kee Mëttel géint déi staark Defense vu San Francisco fonnt. Entweder waren an de leschte Meter seng Passen net präzis genuch, oder en Defenseur war am leschte Moment drun respektiv hu Penaltys vu senge Leit d’Touchdowns nees annuléiert. Esou ass just am drëtte Véierel eng eenzeg Pass vum Brady an der Endzon gelant, datt fir den Entstand vun 7:35 aus der Siicht vun de Bucs, well dono keng Punkte méi gefall sinn. Op der anerer Säit war de Playcaller e Mann, vun deem bis ewell wéineg ze gesi war. Mat grad emol 22 Joer huet de Brock Purdy manner Zäit op dëser Äert gelieft, wéi de Brady an der NFL ass. Donieft ass de Purdy de sougenannten “Mr. Irrelevant” aus dem Draft 2022, hie gouf also u leschter Plaz gewielt. Ma de Purdy war alles anescht, wéi net relevant fir seng Ekipp. Lescht Woch ass hie fir de verletze Garoppolo erakomm an huet dëse Weekend fir déi éischte Kéier a senger Karriär e Match vu vir ugefaangen. An dobäi ass him quasi alles gelongen. Hien huet 16 vun 21 Päss un de Mann bruecht, datt fir 185 Yards an zwee Touchdowns. Donieft ass hie selwer eng Kéier an d’Endzon gelaf an huet zwee Mol seng Runningbacks an d’Endzon geschéckt. Et huet ee gesinn, datt de jonke Mann d’Vertraue vu sengen Trainer ma och vu senge vill méi erfuerene Matspiller hat an hien huet dat och um Terrain ëmgesat. D’Avance, vu 35:7 war esou grouss, datt de Coach zum Schluss vill vun de Stare schoune konnt an Leit spille gelooss huet, déi soss net esouvill Asazzäit kréien. D'49ers hunn dëse Match zum Schluss kloer gewonnen a maachen a grousse Schratt a Richtung Playoffs.
Minnesota Vikings - Detroit Lions 23:34
D’Vikings koume mat breeder Broscht op Detroit, ëmmerhin hate si 10 Victoiren aus 12 Matcher am Gepäck. Ma bei de Lions leeft aktuell villes Richteg, zwar hu si nach en negative Rekord, ma konnte 4 vun hire 5 lescht Matcher gewannen, dat virun dëser Partie. D’Ekipp aus Detroit wollt d’Victoire doheem halen an esou si si och opgetrueden. Gouf nach aus hirem éischte Ballbesëtz näischt, hu si am zweete Versuch genau zwee Spillzich gebraucht, fir bis an d’Endzon ze kommen, dat mat enger Pass vum Goff op de Williams fir iwwer 41 Yards. D’Vikings konnte mam nächste Ballbesëtz ausgläichen, ma nach virum Säitewiessel hunn d’Lions op 14:7 gesat, wat si am drëtte Véierel nach op 21:7 ausbaue konnten. D’Gäscht sinn dem Réckstand de ganze Match iwwer nogelaf, si koumen zwar ëmmer nees e bësse méi no drun, ma wierklech geféierlech goufe si de Lions ni. Déi 13 Punkten am leschte Véierel hunn d’Lions dunn definitiv op d’Gewënnerstrooss geschéckt, grad och, well d’Vikings der just 10 dogéint setze konnten. D’Vikings ware zwar staark an der Loft mat 425 Yards, ma well si iwwert d’Lafspill net vill hikruten, grad emol 22 Yards, koume si ni wierklech an dëse Match zeréck.
New York Jets - Buffalo Bills 12:20
Et war e Match, dee vun Defensen dominéiert gouf. An der éischter Hallschent gouf ganzer 10 Mol gepunt, éier den Allen 34 Sekonne virum Téi de Ball op den Knox konnt passen an deen en an d’Endzon bruecht huet. Esou ass d’Heemekipp mat engem Avantage vu 7 Punkten an d’Paus gaangen. Den drëtte Véierel war du scho méi eppes fir Zuschauer, déi gäre Punkte gesinn, well d’Jets hunn direkt mam éischte Ballbesëtz en Touchdown markéiert, ma am nächsten Drive hunn d’Bills den ale Score nees hiergestallt. E Fumble vun den Jets huet dann zu 3 Punkte fir Bills gesuergt, déi domadder mat engem Score vu 17:7 an de leschte Quarter gaange sinn. Hei hu si nach op 20:7 erhéicht ma de Safety, deen d’Jets provozéiert hunn, an e Fieldgoal sollt den Jets net méi duergoen, well si mat hirem leschte Ballbesëtz, dee si onbedéngt an d’Endzon hu misste bréngen, de Ball hu missten no véier verpasste Chancen, fir déi 10 Yards ze maachen, un d’Bills hu missten ofginn, dat 20 Sekonne viru Schluss. Esou wannen d’Bills doheem 20:12 a sti lo mat engem 10:3 ganz uerdentlech do, fir et an d’Playoffs ze packen.
Philadelphia Eagles - New York Giants 48:22
Et sollt einfach net den Owend vun den Ekippen aus der Stad New York sinn. Haten d’Jets wuel nach d’Chance, de Bills geféierlech ze ginn, esou goufen d’Giants doheem vun den Eagles quasi virgefouert. D’Gäscht hate schonn 21 Punkten op d’Board bruecht, éier d’Giants déi éischte Kéier e Ball an d’Endzon kruten. Mat nach engem Fieldgoal hunn d’Eagles d’Hallschent ofgeschloss, an där si 24:7 vir waren. No der Pausenusproch konnten d’Giants kuerz op 14:27 verkierzen, éier d’Eagles op en neits 21 Punkte konnte maachen, éier d’Giants mat hirem leschte Ballbesëtz an hirem Ersatzquarterback de Ball eng weider Kéier an d’Endzon bruecht hunn. Mat der klorer 48:22-Victoire zementéieren d’Eagles hire Favoritteroll op de Superbowl. E Grond, fir hir staark Offensiv, ass wuel hir Onberechenbarkeet, well nieft den 217 Yards duerch d’Luucht hu si der och nach eng Kéier 253 iwwert de Buedem hikritt, dovu 77 vun hirem Quarterback Jalen Hurts.
E Bléck op d’Playoff Picture
An der AFC wieren aktuell d’Bills, d’Chiefs (béid 10:3), d’Ravens (9:4) an d’Titans (7:6) als beschten Ekippen aus hiren Divisioune weider. Dohannert kéimen d’Bengals (9:4 hannert de Ravens), d’Dolphins (8:5 hannert de Bills) an d’Patriots (7:6 hannert den Bills an Dolphins). Ma och d’Jets (7:6 hannert de Bills, Dolphins a Patriots) an d’Chargers (7:6 hannert den Chiefs) stinn aktuell nach gutt do, fir nach an d’Playoffs ze kommen. Fir all déi aner Ekippe mat engem negativ Rekord fänkt et esou lues un, schwéier ze ginn.
Mat der Victoire vum Weekend hunn d’Eagles (12:1) sech elo sécher fir d’Playoffs qualifizéiert, aktuell als 1. an der NFC. Hannert hinne kommen d’Vikings (10:3), d'49ers (9:4) an d’Bucs (6:7) als Bescht an hiren Divisiounen. D’Cowboys (10:3) d’Commanders (7:5:1) an d’Giants (7:5:1, all hannert den Eagles) wieren aktuell och duerch. Gutt Kaarten hunn nach d’Seahawks (7:6) ma och d’Lions (6:7). Ma duerch de schlechte Rekord vun de Buccaneers sinn och d’Panthers an d’Falcons (béid 5:8) nach am Rennen ëm d’Playoffs mat dobäi, grad well béid och nach eng Kéier géint Tampa Bay wäerte spillen.
Eliminéiert sinn definitiv d’Texans, d’Broncos an d’Bears.
Las Vegas Raiders - Los Angeles Rams 16:17
New York Jets - Buffalo Bills 12:20
Cleveland Browns - Cincinnati Bengals 10:23
Houston Texans - Dallas Cowboys 27:23
Minnesota Vikings - Detroit Lions 23:34
Philadelphia Eagles - New York Giants 48:22
Baltimore Ravens - Pittsburgh Steelers 16:14
Jacksonville Jaguars - Tennessee Titans 36:22
Kansas City Chiefs - Denver Broncos 34:28
Carolina Panthers - Seattle Seahawks 30:24
Tampa Bay Buccaneers - San Francisco 49ers 7:35
Miami Dolphins - Los Angeles Chargers 17:23
New England Patriots - Arizona Cardinals 27:13