BGL LigueRouspert a Péiteng trenne sech 1:1

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war den Optakt vum 28. Spilldag tëscht Rouspert a Péiteng.

No sechs Matcher ouni Victoire war Rouspert doheem géint Péiteng gefuerdert, fir sech e bësse Loft am Ofstigskampf ze verschafen. Ma och déi Péitenger, déi ee Punkt Avance op Rouspert a 5 op eng Relegatiounsplaz hunn, dierften u sech keng Punkte leie loossen, wa si déi zwee lescht Spilldeeg méi roueg ugoe loosse wéilten.

Péiteng hat de bessere Start an dëse Match erwëscht an no 17 Minutte konnt den Diaby vun engem Rousperter Feeler profitéieren, fir den 1:0 ze schéissen. De Feltes hat de Ball un de Gomes verluer, deen de gudde Bléck fir de besser positionéierte Matspiller hat an den Diaby huet sech déi Chance net huele gelooss. Dono ass de Match ofgeflaacht a Péiteng hat nach eng gutt Chance, déi si awer net notze konnten. Esou goung et mat engem klengen awer verdéngten Avantage an d’Paus.

Nom Säitewiessel huet Rouspert op den Ausgläich gespillt an den Drock erhéicht, ma e Gol ass net gefall. No enger Stonn war du manner Tempo am Spill an d’Ofschlëss koumen dacks aus der Distanz. Rouspert war besser an der zweeter Hallschent, eenzegt d’Prezisioun beim Schoss huet gefeelt. Rouspert huet déi zweet Hallschent dominéiert a sech och an der 86. Minutt belount, nodeem de Rodrigues mat senger Flank de Steinbach fonnt huet. No dësem 1:1 hu Péiteng a Rouspert elo zwee Spilldeeg viru Schluss 6 respektiv 5 Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz vu Wolz, déi awer nach ee Match manner hunn.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO