
D’Pressekonferenz war am Virfeld vun den EM- a WM-Qualifikatiounsmatcher, déi tëscht dem 11. an 18. Januar gespillt ginn. Zanter dem 27. Dezember ass de Kader beieneen, fir sech op d’Matcher géint Lettland respektiv Israel ze preparéieren. Bis den éischten offiziellen Optrëtt sinn nach eng Hallef Dosen Trainingsunitéite geplangt.
Bis elo ass de jonke Kader nach komplett. Et ass deemno kee blesséiert. Verschiddener si liicht krank, mee bis Mëtt dës Mounts misst jiddereen nees fit sinn. Den neie Kapitän fir dës Campagnen ass de Bierchemer Ben Weyer, deen e Mëttwoch säi 27. Gebuertsdag gefeiert huet an op der Pressekonferenz mam Nationaltrainer Maik Handschke present war.
Den Haaptfokus läit op den EM-Qualifikatiounsmatcher géint Lettland, déi fir de 11. Januar auswäerts a fir de 14. Januar an der Coque programméiert sinn.
D’Rout Léiwen, déi op der Nummer 38 am europäesche Ranking stinn, rechne sech Chancë géint d’Nummer 34 aus. Virun allem, well et ausgesäit wéi wann den 2,15 Meter groussen Dainis Kristopans, dee schonn emol d’Championsleague gewonnen hat, am Prinzip net dobäi wäert sinn.
D’Partië géint Lettland si besonnesch wichteg, well domadder d’Méiglechkeet ginn ass, fir an d’Gruppephas vun der EM-Qualifikatioun ze kommen.
No den Optrëtter géint d’Letten heescht de Géigner Israel am Kader vun der WM-Qualifikatioun. Déi Dueller goufe wéinst dem Krich verluecht a wäerten allebéid an der Coque gespillt ginn. D’Ekipp aus Israel ass de Favorit, well dës am Ranking 12 Plaze besser klasséiert ass wéi d’Rout Léiwen. Et weess een allerdéngs net, op de Kader wéinst der Situatioun an hirem Land komplett wäert sinn.
Fir déi Partien, déi de 17. respektiv 18. Januar gespillt ginn, wäerten d’Sécherheetsmoossname verstäerkt ginn.