
E Méindeg den Owend nom Meeting mat der Press war dann och den Training um Stade de Luxembourg ugesot. Well de leschte Samschdeg de Christopher Martins an de Mathias Olesen blesséiert hu missten ausgewiesselt ginn a well et déi 4. Partie bannen 10 Deeg wäert sinn, gouf natierlech op der Pressekonferenz de physeschen Zoustand vu béide Spiller awer och vum ganze Kader beim Nationaltrainer Luc Holtz ugeschwat.
Den Nationaltrainer huet e puer Changementer am Kapp, mee déi Decisioun géif hien eréischt nom Training huelen, well hien d’Sprëtzegkeet vu senge Jonge wëll um Training observéieren.
Den Nationaltrainer géif sech allgemeng freeën, wa seng Ekipp grad esou en zolitte Match géif fäerdeg brénge wéi op de Färöer Inselen.
Op déi verschidden Evenementer, déi extrasportlech ware beim Tierkei-Match, huet den Nationaltrainer gesot, hien a seng Spiller hätte sech méi op dat sportlecht konzentréiert, allerdéngs hätt hie mam Leandro Barreiro geschwat. Et war nämlech e soi-disant Supporter bei de Spiller vu Mainz gaangen an dat hat relativ aggressiv ausgesinn. Anscheinend wollt de Mann awer just den Trikot vum Leandro Barreiro kréien.
Den Dirk Carlson war och op der Pressekonferenz an huet ënnerstrach, datt hien trotz den 3 Matcher bannent e puer Deeg physesch nach ganz gutt drop wier. Hie war e Samschdeg beim 2. Gol vun den Tierken direkt involvéiert. Dat ass awer fir hie vergiess. Hie baut op seng gutt Leeschtungen op a kuckt no vir.
D’Partie, déi en Dënschdeg den Owend um 20.45 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff gëtt, kënnt Dir wéi gewinnt bei eis op der Tëlee um RTL ZWEE, um Radio an op RTL.lu suivéieren.RTL-Artikel: Nom Match géint d’Tierkei: Wéi steet et ëm d’Sécherheet am neie Futtballstadion?
RTL-Artikel: No Match géint d’Tierkei: FLF mécht Plainte géint op d’mannst eng Persoun
RTL-Artikel: Nations League: Lëtzebuerg verléiert mat 0:2 géint d’Tierkei
RTL-Artikel: Nations League: Lëtzebuerg wënnt mat 1:0 op de Färöer Inselen