Futtball-BundesligaRouven Schröder gëtt Sportdirekter bei RB Leipzig

RTL Lëtzebuerg
Nodeems hien am Oktober beim FC Schalke 04 demissionéiert hat, trëtt de 47 Joer alen Däitschen en neie Poste beim Veräin aus Ostdäitschland un.
© AFP

Vum 1. Abrëll un ass de Rouven Schröder Sportdirekter vun RB Leipzig. Dat hunn RB Leipzig a Schalke 04, wou de Schröder bis elo ënner Kontrakt stoung, matgedeelt. Hien hätt bei RB Leipzig ee laangfristege Kontrakt ënnerschriwwen. Et gëtt spekuléiert, datt Schalke 500.000 Euro fir de Schröder kritt. Hie war zanter Juni 2021 fir d’Planung vum Kader responsabel a mat him konnt Schalke vun der 2. rëm an déi 1. Bundesliga opsteigen. Am Oktober d’lescht Joer hat hien awer demissionéiert. Bei RB Leipzig soll hie mam “Sport-Geschäftsführer” Max Eberl zesummeschaffe. Viru sengem Engagement bei Schalke hat de Schröder eng Partie Joren als Sportdirekter a “Sportvorstand” beim FSV Mainz 05 geschafft.

Back to Top
CIM LOGO