
Belsch Medien mellen, datt am Futtball Royal excel Mouscron, aus der zweeter belscher Divisioun, finanziell Problemer huet. Dofir kritt de Veräin fir déi nächste Saison vun der Lizenzkommissioun vun der belscher Futtball Federatioun keng professionell Lizenz.