
En Donneschdeg gouf et fir de Gerson Rodrigues eng 0:1 auswäerts Defaite géint Al-Raed. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung fir säin néie Veräin 61 Minutten um Terrain, ier datt hien ausgewiesselt gouf. Al-Wehda steet nom zweete Spilldag mat 0 Punkten op der 12. Plaz an der Saudi Professional League.
Den AnthonyMoris hat mat sengem Veräi keng Chance géint de Royal vun Antwerpen. No deenen éischte 45 Minutte goufe béid Formatioune mat engem 1:4 aus Sicht vum Lëtzebuerger Nationalgolkipp an d’Paus geschéckt. Och de Gol vum Eckert Ayensa an der 71. Minutt sollt näischt méi un der Victoire vun der Heemekipp änneren. Um Enn verléiert den AnthonyMoris, deen de ganze Match iwwer fir Royale Union Saint-Gilloise um Terrain stoung, auswäerts mat 4:2 géint Royal Antwerpen.
De MarvinMartins ka sech mat der Austria vu Wien iwwerdeems fir d’Aachtelsfinalle vun der éisträichescher Coupe qualifizéieren. Austria Wien gewënnt souverän mat 5:0 géint den ASV Siegendorf aus der Regionalliga Ost. De MarvinMartins gouf iwwerdeems an der 46. Minutt agewiesselt.
AIK Solna konnt sech fir den drëtten Tour vum der Svenska Cupen qualifizéieren. De Veräi vu Stockholm konnt sech auswäerts mat 4:2 géint Hudiksvall duerchsetzen. De VincentThill gouf fir dëse Match an der Coupe net an de Kader beruff.
An der amerikanescher MLS huet den New York City FC mam Maxime Chanot déi zweet Néierlag noenee kasséiert. An der Nuecht op en Donneschdeg huet een doheem mat 1:1 géint DC United de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung 90 Minutten um Terrain.
En Dënschdegowend ass et fir de Lëtzebuerger Nationalspiller DanelSinani mat Norwich auswäerts géint Birmingham gaangen. D’Lokalekipp konnt an der 50. Minutt duerch den Hogan mat 1:0 a Féierung goen. Allerdéngs konnt de Veräi vum Danel Sinani de Score an der 63. Minutt duerch den Omobamidele egaliséieren. An der 93. Minutt sollt Norwich City dunn a Persoun vum Hernandez nach de Lucky-Punch geléngen. Kuerz viru Schluss dréint Norwich de Match an entféiert dräi Punkten aus Birmingham. Den DanelSinani gouf iwwerdeems an der 58. Minutt ausgewiesselt.