Lëtzebuerger Futtballer am AuslandRoyale Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris wënnt 2:0

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet d'Royale Union SG mam Lëtzebuerger Anthony Moris an der Champions-League-Qualifikatioun géint d'Glasgow Rangers gespillt.
Den Anthony Moris bei der Pressekonferenz virum Match.
Den Anthony Moris bei der Pressekonferenz virum Match.
© AFP

An der 3. Qualifikatiounsronn fir an d’Champions League krut also de belsche Vertrieder mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Besuch vun de Rangers aus Glasgow. Den Anthony Moris stoung vun Ufank un um Terrain. Seng Ekipp huet d’Géigner mat engem Score vun 2:0 nees Heem geschéckt.

De Retourmatch ass nächsten Dënschdeg um 20.45 Auer zu Glasgow.

Back to Top
CIM LOGO