WADA-UrteelRussesch Anti-Dopping-Agence geet an Appell

RTL Lëtzebuerg
Wéi z'erwaarde geet déi russesch Anti-Dopping-Agence beim Internationale Sportsgeriichthaff an Appell géint d'Urteel vun der Welt-Anti-Dopping-Agence.

Déi hat russesch Sportler jo fir 4 Joer vun den Olympesche Spiller zu Tokio an de Weltmeeschterschaften ausgeschloss. D'Athleten dierfen ënner bestëmmte Konditiounen als "neutral" Sportler deelhuelen.

Hannergrond vun dëser Affär ass e Sträit ronderëm manipuléiert Donnéeën aus engem Moskauer Kontrolllabo. Aus engem Rapport geet ervir, dass dausenden Date geläscht oder manipuléiert goufen. Iwwert dëse Wee sollen ongeféier 145 Athlete geschützt gi sinn.

RTL NEWS: Russland fir 4 Joer gespaart an domat net bei olympesche Spiller dobäi

Back to Top
CIM LOGO