
De WM-Ausschloss vun der russescher Futtball-Nationalekipp wéinst dem Krich géint d’Ukrain ass endgülteg. Wéi de Sport-Geriichtshaff CAS en Dënschdeg matgedeelt huet, huet de russesche Verband säin Appell géint d’Decisioun vum Weltverband Fifa zeréckgezunn. D’Verfare gëtt deemnächst zougemaach.
De CAS hat an engem éischte Schratt d’Demande vun de Russen, d’Fifa-Decisioun auszesetzen, ofgewisen. D’Playoffs ëm déi lescht europäesch Tickete fir d’WM am Katar goufen dofir ouni Russland gespillt. De Géigner Polen war doduerch automatesch fir d’Playoff-Finall qualifizéiert an huet sech mat 2:0 géint Schweden duerchgesat.
Um Appell géint den Ausschloss vun de russesche Veräiner aus dem Europapokal hält de russesche Verband fest. Eng Decisioun soll hei eréischt an e puer Woche falen.