
Dem FC Déifferdeng ass en décke Coup um nationalen Transfertsmaart gelongen. De 35 Joer ale Stiermer vum F91 Diddeleng Samir Hadji wiesselt bei den Doublégewënner Déifferdeng.
RTL krut de Wiessel vum FCD03 confirméiert.
Den Hadji huet säi Kontrakt an der Forge du Sud, dee bis Enn der Saison 24/25 geet, net verlängert. Elo huet hien da mat Déifferdeng en neie Veräin fonnt. Fir den Hadji ass et no der Fola an Diddeleng déi drëtt Statioun bei engem Lëtzebuerger Veräin.