18. Minett-DuathlonSandra Lieners an David Lang setze sech zu Bieles duerch

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend huet den CA Bieles hiren 18. Minett-Duathlon organiséiert.
18. Minett-Duathlon
Sandra Lieners an David Land setze sech zu Bieles duerch.

Eng Famill aus dem Veräin, déi de Site um Centre de Récréation um Gaalgebierg besonnesch gutt kënnt, ass d’Famill Lieners. Mam Yannick a Sandra wéi och dem Papp René waren dräi sportbegeeschtert Familljememberen um Depart, déi no der Organisatioun och de Championstitel am Kapp haten.

E Samschdeg ëm 14.45 Auer, ronn 15 Minutte virum Depart huet d’Famill Lieners nach eng leschte Kéier iwwert d’Konditiounen um Heem-Parcours diskutéiert. De Papp René, wéi och d’Geschwëster Yannick a Sandra si passionéiert Athleten, déi awer och nach Zäit fir aner Themen nieft dem Sport fannen.

D’Passioun fir de Sport kruten d’Geschwëster Lieners quasi an d’Wéi geluecht. Vu Klengem u gouf vill Sport gemaach a vill Mountainbike gefuer. Déi eegen Erwaardunge waren um Heem-Parcours natierlech grouss an et wollt een de Maximum eraushuelen.

Ronn 240 Athlete goungen e Samschdeg an de sëllege Kategorien un den Depart. Am Championnat bei de Seniore stoungen fir d’éischt ronn 7 Kilometer Lafen, duerno 17 Kilometer Vëlofueren an zum Ofschloss nach eng Kéier 3 Kilometer Lafen um Programm.

D’Sandra Lieners, déi als Titelverdeedegerin bei den Dammen un den Depart goung, war laang op der zweeter Positioun ënnerwee, konnt hiren Titel nom Abondant vum Mara Krombach dunn awer verdeedegen.

Och hire Brudder, de Yannick Lieners, war laang op der zweeter Positioun ënnerwee, huet um Vëlo awer e bëssen Zäit verluer a koum herno awer nach op déi drëtte Plaz. Gewonne gouf de Minett-Duathlon bei den Häre vum David Lang.

De René Lieners koum um Enn op déi 17. vu 24 Plaze bei den Hären.

PDF Resultater Championnat

Back to Top
CIM LOGO