Schi AlpinSara Hector wënnt Riseslalom zu Courchevel

RTL Lëtzebuerg
Nieft der Schweedin stoungen nach d'US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin an d'Italienerin Marta Bassino um Podium.
© AFP

No hirer souveräner Victoire en Dënschdeg ass d’Mikaela Shiffrin e Mëttwoch och beim zweete Riseslalom zu Courchevel als kloer Favoritin an d’Course gaangen. Um Enn huet si sech allerdéngs misse mat der 2. Plaz zefridde ginn. 35 Honnertstel huet d’Schweedin Sara Hector virun der US-Amerikanerin an d’Zil gerett. Als Drëtt stoung nach d’Italienerin Marta Bassino um Podium.

Beim Nuetslalom vun den Hären zu Madonna di Campiglio huet sech de Sebastian Foss-Solevag aus Norwegen duerchgesat, dat och well de Clément Noël an der Finall ausgefall ass. De Fransous hat nom éischten Duerchgang e grousse Virsprong an och am zweeten Duerchgang huet alles no enger Victoire ausgesinn, ma um Enn ass hie kuerz virum Zil ausgefall.

Zweeten ass de Fransous Alexis Pinturault ginn, dat mat engem Retard vun 10 Honnertstel. De Schweed Kristoffer Jakobsen hat als Drëtten e Retard vun 11 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO