No 1:5-Néierlag am DFB-PokalSchalke trennt sech vum Trainer Frank Kramer

RTL Lëtzebuerg
No der fënnefter Néierlag hannerteneen hunn déi Veranwortlech op Schalke elo reagéiert an den Trainer Frank Kramer erausgeheit.
© AFP

De Kramer souz nëmmen 13 Matcher laang op der Trainerbänk vum Bundesligist. Eigentlech wollt de Veräin nach de Match géint d’Hertha ofwaarden, ma no der 1:5-Néierlag an der Coupe haten déi Verantwortlech wuel genuch gesinn. Wien d’Successioun iwwerhuele soll, ass aktuell nach net bekannt. Wéi et an däitsche Sportmedien awer heescht, stéing de fréieren Trainer vu Bochum, den Thomas Reis, scho prett, fir d’Relève ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO