
Um 31. Spilldag vun der Bundesliga hu sech Schalke a Leverkusen mat engem 1:1 getrennt a Mainz muss sech mat 0:1 géint Augsburg geschloe ginn.
Schalke - Leverkusen 1:1
1:0 Caligiuri (51'), 1:1 Paulinho (81')
Am Verglach zu de leschte Matcher huet Schalke vun Ufank un Drock gemaach an huet an den éischte Minutten de Wee virun de Gol gesicht. Mat der Zäit ass awer och Leverkusen an de Match komm a sou war et en ausgeglachene Match ouni vill Héichpunkten. Ouni Goler ass et also an d’Paus gaangen.
An der 50. Minutt krut den Tapsoba de Ball dann am Strofraum widder den Aarm, sou dass mat Hëllef vum Videoarbitter op Eelefmeter entscheet ginn ass. De Caligiuiri ass ugetrueden a konnt ouni Problemer d’Féierung fir Schalke schéissen. Am weidere Spillverlaf hat d’Werkself méi Ballbesëtz Opweises, konnt domat awer net all ze vill ufänken. D’Lokalekipp huet sech beméit d’Féierung iwwert d’Zäit ze bréngen, wat awer net bis zum Schluss duergaangen ass. Ronn 10 Minutte viru Schluss stoung de Paulinho no enger flaacher Flank um zweete Potto ganz eleng an huet aus ronn 10 Meter op 1:1 ausgeglach. Leverkusen huet elo d’Victoire virun Ae gesinn an op e weidere Gol gedréckt. No 90 Minutten ass et dann awer bei deem Resultat bliwwen a sou bleift Schalke weider säit 13 Matcher ouni Victoire.
Mainz - Augsburg 0:1
0:1 Niederlechner (1')
43 Sekonnen huet et gedauert bis de Ball eng éischte kéier de Wee an de Gol fonnt huet. No engem Kappball vum Gruezo ass den Niederlechner am Strofraum zum Schoss komm an huet mat engem Lop op 1:0 fir d’Gäscht gestallt. D’Mainzer ware mam Leandro Barreiro, deen an der Starteelef stoung, gefuerdert eng Äntwert op de fréie Géigegol ze weisen.
No 17 Minutten ass et dann no engem Corner zu enger Schrecksekonn komm, wéi den Awoniyi am Kappballduell mam Uduokhai aneneegerannt ass an duerno ongebremst mam Kapp op de Buedem gefall ass. No enger Ënnerbriechung vu ronn 5 Minutten ass de Spiller vu Mainz dann an d’Spidol gefouert ginn, ma hie war awer nees uspriechbar.
Mat der Zäit sinn d’Haushären ëmmer besser an de Match komm, fir e Gol ass et an der éischter Hallschent awer net méi duergaangen.
Nom Säitewiessel huet Mainz den Drock weider erhéicht an de Géigner ëmmer méi an déi eegen Hallschent gedréckt. An der 65. Minutt ass de Leandro Barreiro, dee schonn eng Giel Kaart hat, fir de Boetius ausgewiesselt ginn.
Augsburg huet sech duerno komplett op d’Defense konzentréiert, der Lokalekipp ass awer keng Léisung agefall. Zum Schluss muss sech Mainz mat 0:1 geschloe ginn a sou bleift den Ofstand op d’Barrageplaz weiderhi bei just 3 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Atlético Madrid - Athletic Bilbao 1:1
1:0 Muniain (37'), 1:1 Costa (39')
Nom Restart an der spuenescher Liga hat Atlético Madrid virum Match d’Chance mat enger Victoire nees op d’Champions-League-Plazen ze klammen. No enger roueger an ausgeglachener Ufanksphas ass d’Lokalekipp dann an der 37. Minutt duerch e Gol vum Muniain a Féierung gaangen. Beim 1:0 ass et awer net all ze laang bliwwen, wéi den Diego Costa just 2 Minutten drop op 1:1 ausgeglach huet.
Am zweeten Duerchgang war et wéi och scho virun der Paus eng ausgeglache Partie an där awer kee Gol méi fale sollt. Zum Schluss deele sech béid Ekippen also d’Punkten an domat bleift Atlético op der 6. Plaz an der Tabell.
Real Madrid - Eibar 3:1
1:0 Kroos (4'), 2:0 Ramos (30'), 3:0 Marcelo (37'), 3:1 Bigas (60')