FLFSchonn 3.000 Tickete fir d'Nations League Playoffs verkaf ginn

RTL Lëtzebuerg
De 26. Mäerz spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe ee Lännermatch am Stade de Luxembourg, dat entweder géint Griicheland oder Kasachstan.
© RTL Archiv

Ob et do ëm d’Finall fir een Ticket op der Futtball EM an Däitschland geet oder net, steet eréischt 5 Deeg virdru fest.

Um Mëttwoch fänkt de Virverkaf un an d’Demande war an ass weiderhin ganz grouss.

Am Fall vun enger Finall an dem decisive Match fir iwwert d’Playoffs op der EM dobäi ze sinn, dierft de Stadion mat Sécherheet voll sinn. Deen Ament wier et dee wichtegste Match an der Geschicht vun der FLF.

Eng Partie Tickete si schonns fort, dat well déi éischt Phas schonns ofgeschloss ass, den Erny Decker vun der Futtball Federatioun.

“Et waren jo d’Leit, déi Abonementer haten an deene Leit haten mir d’Méiglechkeet ginn, fir als éischt Ticketen ze huelen, dat maximal 4 Stéck pro Persoun. Do sinn ëm 3.000 Ticketen verkaf ginn. Deemno waren der eng Partie, déi dovun Gebrauch gemaach hunn an anerer net. An dowéinst setze mir de Rescht dovunner elo muer de Moie vun 10 Auer un an de Virverkaf.”

Tickete wäerten online verkaf ginn a pro Persoun kann een der maximal 4 kafen.

Ëm wat et schlussendlech de 26. Mäerz wäert goen, decidéiert sech 5 Deeg virdrun bei der Halleffinall vun der Nations League a Georgien.

Egal wéi hoffen d’Rout Léiwen an déi Responsabel vun der Federatioun op d’Ënnerstëtzung vum Public. Déi ganz Campagne iwwer war de Stade de Luxembourg gutt gefëllt.

“Wat dës Kéier bei dëser Campagne bemierkbar war, war datt mir fir déi éischte Kéier all d’Aboe verkaf haten. Ech si lo schonns laang dobäi, och deemools am Stade Josy Barthel a wa mir do 300 Aboen op der normaler Tribüne verkaf haten an och nach e puer op der Tribüne de face, wou ee jo wierklech wéineg Luxus hat, da waren dat der vill. Lo mam neie Stadion war et déi éischte Kéier an der Geschicht vun der FLF, datt mir de Stadion just mat Abonementer ausverkaf haten an dat war fantastesch.”

Béid Matcher, souwuel deen den 21. Mäerz a Georgien, wéi och 5 Deeg drop heiheem am Stade de Luxembourg, ginn op RTL Télé live iwwerdroen

Back to Top
CIM LOGO